Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Restaurant

Den drëtte Sall, um Rez-de-Chaussée, ass de Restaurant. En ass op der rietser Säit vun der Entrée vun der Maison Relais. Well den Restaurant fir vill Kanner no der Schoul den éischten Arrêt ass, war et fir eis eng Selbstverständlechkeet, datt deen schnell erreeschbar ass. Sou kënnen d'Kanner gezielt hiert Iessen iessen ouni grouss Ëmweer maachen ze mussen. Dëse Raum vermëttelt e Gefill vu Familljefrëndlechkeet. All Dësch ass mat Besteck, Taasen, Servietten a Waasser ausgestatt.

Well mir e Buffet fir Kanner ubidden, ass de Buffet der Héicht vun de Kanner ugepasst an d'Iessen ass ofwiesslungsräich. D'Tellere stinn ënnert dem Buffet a si liicht zougänglech. D'Kanner fannen um Buffet all Dag déi wichtegst Liewensmëttel (Protein, Kuelenhydrater a Ballaststoffer). Si sollen vun allem eppes huelen, dofir ginn all Dag verschidden Zaloten, Geméis, Bäilagen an Uebst ugebuede. Mir denken och emmer un d'Kanner, déi wéings Allergien oder religiéise Grënn bestëmmte Liewensmëttel net iessen dierfen. An dësem Fall bereeden d'Käch fir dës Kanner en alternativt Iessen vir.

Eise Restaurant huet och eng pädagogesch Kichen, déi hannert dem Buffet steet. Dës Kichen huet zwee Uewen, eng Kachplack, e Lavabo an e Frigo. Am Restaurant gëtt d'Thema Ernährung a Kachen behandelt. Den Schwéierpunkt hei ass net nëmmen op d'kachen, awer och op all Entwécklungsprozesser déi domat verbonne sinn (anhale vu Quantitéiten, Organisatioun, asw.). Dofir hu mir mat de Kanner eng Iesspyramid erstallt an des am Restaurant opgehaang.

 

Am Restaurant ginn och d'Hausaufgaben gemaach; Méindes a Mëttwochs vun 16:30 bis 18:00 Auer an Dënschdes an Donneschdes vun 14:00 bis 16:00 Auer.