Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Rollenspillsall

Den Rollespillsall ass um éischten Stack op der rietser Säit vun der Trap. En as duerch eng Schiebedier vum Theatersall getrennt. Dëse Raum ass den verännerlechsten Raum, well mir probeieren den Raum a bestëmmten Intervallen ze änneren fir nei Méiglechkeeten opzemaachen. Den Sall gëtt permanent un aktuell Themen an Interessen vun den Kanner ugepasst a bleift soumat net ëmmer d'selwecht. Den Sall huet e Kichen Eck, e Puppelchen Eck an e Supermarché Eck. En enthält och vill Regaler, wou déi verschidden Spillsaachen (Autoen, Poppen, etc.) geraumt sinn. D'Equipe setzt sech dofir an d'Kanner fir d'Spill ze motivéieren an hëlleft hinnen méi einfach an déi jeeweileg Rollen ze rutschen. D'Haaptziel a Funktioun vum Raum ass d'fräi Spill. D'Kanner kënnen a veschidde Rollen rutschen an hirer Fantasie fräie Laaf loossen. D'Rollespill soll de Kanner d'Méiglechkeet ginn un hire Gedanken, Wënsch an eventuell Ängscht ze schaffen, déi hinnen am Moment Schwieregkeeten bereeden. Andeems d'Kanner den Alldag fräi an fiktiv nostellen, léieren sie op eng spilleresch Aart a Weis wéi se mam "richtege Liewen" ëmgoen sollen. Si léieren och mat Konfliktsituatiounen ëmzegoen an Mediatiounsfäegkeeten ze entwéckelen.