Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Bausall

Um éischten Stack ginn et 5 Zëmmer. Wann een d'Trap erop geet an dann lénks dréint, fënnt een den Bausall. Hei hunn d'Kanner d'Méiglechkeet hir Kompetenzen am Beräich vun der Bautechnologie ze entwéckelen. Mir hunn "Kappla" Holzblocken, déi d'Kanner normalerweis benotzen fir Tierm, Haiser, Weër, Booter asw. ze bauen. Mir hunn och "Strips", déi d'Kanner benotzen fir Haiser an Hütten ze bauen an sech dann mat Këssen an Decken drënner leën. Dann hu mir och "Lego", mat deem d'Kanner ganz Dierfer, Autoen, asw. bauen. Schlussendlech proposéiere mir verschidden Spillsaachen wéi z.B. Autoen, Camionen, Dinosaurier mat deenen d'Kanner an hire Gebaier oder op den Teppecher, déi mir am Sall ausgeluecht hunn, spillen kënnen. D'Materialien ginn op Regaler an a kloere Këschte hannen am Raum gelagert. All Material ass mat Piktogramme markéiert, sou datt d'Kanner direkt gesinn kënnen, wou sech all Spillsaach befënnt. Mir hun och Podester am Bausall opgestallt, fir datt d'Kanner hir Konstruktiounen op de Podester ausstellen kënnen. Mir hun ausserdeem e Klappdësch deen als Puzzel Beräich déngt. D'Diversitéit vum Material erlaabt hinnen sech a verschidden Beräicher auszedrécken, sief et Physik, Mathematik, Technik oder Konscht.