Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Op den zwou Stäck gëtt et en Außenberäich, eng Terrass an e Gaart. Um éischte Stack ass eng grouss Terrass déi als Entspanungsberäich mat Brietspiller a Canapéë virgesinn ass. Um Rez-de-Chaussée befënnt sech eng Terrass an zwee Gäert. Dëst erlaabt den Kanner e bësse frësch Loft ze kréien an hir Bedierfnes no der Beweegung ze erfëllen. D'Kanner sollen d'Méiglechkeet hunn dobaussen Sport maachen ze kënnen. Am Wanter ginn och Sportsaktivitéite wéi Hinderniscoursen, Badminton, Seelsprangen, asw. ugebueden. D’Kanner hunn hei och d’Méiglechkeet, Naturmaterialien besser kennenzeléieren an domat ze experimentéieren. Et gëtt och d'Méiglechkeet fir Blummen, Geméis, Kraider asw. ze planzen. Et gëtt och eng Waasserverbindung dobaussen fir datt d'Kanner och am Summer mam Waasser a Waasserspiller experimentéiere kënnen.