Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Bibilothéik

Nieft dem Bausall befënnt sech d'Bibliothéik. An dësem Raum ginn et vill Regaler déi mat Bicher gefëllt sinn. En déngt als Plaz fir Rou a Réckzuch fir d'Kanner. Hei kënnen si a Rou sëtzen an e Buch liesen, oder an Sachbicher Informatiounen zu Schoulthemen nosichen. Op der lénker Säit vum Zëmmer gëtt et e Sofa-Eck, dee mir och trënnen kennen, fir datt d'Kanner sech sëtzen kënnen wéi se wëllen. D'Kanner kënnen och entscheeden op se um Sofa leien oder setzen wëllen. Mir bidden och e Gesellschaftsspilleck deen sech am hënneschten Deel vum Sall befënnt. Den Raum ass duerch e Regal getrennt an huet en integréierten Sëtzberäich.