Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Stage

Nieft dem Rollespillsall, an vun enger Schiebedier getrennt, befënnt sech den Sall "Stage" och den Theaterraum genannt. Dëse funktionelle Raum ass fir d'Konscht vun der Performance virgesinn. Hei kënnen sech d'Kanner verkleeden, schminken, d'Fangerneel moolen a spillen (Theater, Danz, Schauspill, asw.). Well de Sall fir Opféierungen benotzt gëtt, enthält en och e Kleedungsraum, deen wéi an engem Theater ageriicht ass. D'Kanner hunn och Zougang zu engem Kleederschaf mat Make-up a Coiffeur Accessoiren (Pinselen, Elastiker, Hoer Clips). An dësem Sall kënnen sech d'Kanner kreativ ausliewen an sech op hir Performancen virbereeden. Dëse Sall ass an zwee Säll ënnerdeelt, sou datt een Sall d'Bühn an den Kleederschaf enthält an deen anere Sall kann als Übungsraum benotzt ginn (z.B. fir Danz, Musek). An dësem Sall sinn och Schränk mat Spigelen, fir datt d'Kanner hir Beweegungen observéieren kënnen.