Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Bewegungssall

Den Bewegungssall ass direkt nieft dem Konschtraum um Rez-de-Chaussée. An dësem Sall hunn d'Kanner d'Méiglechkeet duerch kierperlech Aktivitéieren Damp ofzeloosen. Hei ginn all Dag verschidden Aktivitéiten an psychomotoresch Projeten ugebueden. Fir de Besoinen vun de Kanner ze entspriechen, hu mir en Aktivitéitsplang fir de Sall erstallt, deen all Trimester (oder méi fréi wann néideg) ännert gëtt. Duerch déi vill Stonnen déi d'Kanner sëtzend an der Schou verbréngen, gëtt et en groussen Besoin no Beweegung. Am Beweegungssall hunn d'Kanner d'Méiglechkeet sech duerch eng guidéiert Aktivitéit auszetoben. Mir orientéieren dës Aktivitéiten op d'Bedierfnesser vun de Kanner, doduerch entsteht eng grouss Offer un Aktivitéiten. Mir hunn Matratzen an Übungsmatten am Sall, fir datt d'Kanner bequem un den Aktivitéiten deelhuelen kënnen an den Verletzungsrisiko reduzéiert gëtt. An dësem Sall gin och Achtsamkeetsübungen wéi Yoga an Entspannungsübungen ugebueden, wat den Kanner erlaabt sech ze berouegen.