Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Konschtsall

Um Rez-de-chaussée vun der Maison Relais, lénks vun der Entréesdier, steet den « Konschtsall ». 

De Konschtsall bitt verschidde funktionell Ecker: d'nähen, bastelen, molen an d'Konschthandwierk. Op der lénker Säit vum Sall ginn et Schief a Regaler déi vill Späicherplatz ubidden. All Material op de Regaler ass fir d'Kanner zougänglech. All Regal entsprécht enger Aktivitéit (Acrylmolerei, Gouache, Bläistëft, Zeechnen, verschidde Pabeieren, Faarfstëften, asw.) an ass duerch Fotoen an Wieder zum Material ze erkënnen. An der Mëtt vum Raum befannen sech Dëscher: déi hënnescht Dëscher si fir d'Molerei an d'Konschthandwierk, déi viischt Dëscher si fir d'zeechnen, bastelen an Braceleten hirstellen. Op der rietser Säit vum Zëmmer ass den Konschthandwierks Eck mat villen Tools (Hummer, Schrauber, asw.) an engem Whiteboard. D'Kanner hunn d'Méiglechkeet sech kreativ auszedrécken. Hei kënnen si sech kreativ entwéckelen an hirer Fantasie as keng Grenz gesaat. Duerch déi hirgestallt Wierker kann den Erzéier en Abléck an d'Wuelbefannen vum Kand kréien. D'Hirstellung vum Konschtwierk erlabt den Kand ze meditéieren an Emotiounen ze verarbeschten. Si léieren och sech non-verbal auszedrécken, hiert Selbstvertrauen ze stärken an e Gefill vu Selbstkritik ze entwéckelen.