Infos parents
Kalenner
Zum KalennerNeiegkeeten
- Bei de Fliedermais
Grupp Précoce Maison Relais bei de Fliedermais
Dës Woch hu mir nees vill flott Momenter zesummen erlieft! D’Kanner hu mat vill Freed e klenge Pappendagskaddo gebastelt a kreativ geschafft. Mir hunn och d’Welt vun de Faarwen entdeckt an eis mat verschiddene Faarwen a spillereschen Aktivitéite beschäftegt.
Natierlech koum och de Spaass net ze kuerz, Mir hu vill zesumme gespillt, gelaacht an flott Momenter matenee verbruecht.
Mir wënschen Iech e schéine Weekend a freeën eis op eng nei spannend Woch mat de Kanner!
- Bei de Fliedermais
Grupp Précoce Maison Relais bei de Fliedermais
Eise Wochenréckbléck
Dës Woch hu mir erëm vill schéi Momenter zesummen erlieft.
Mir hunn zesummen lecker Crêpe gemaach an natierlech och probéiert. Ausserdeem hu mir Déieren vum Bauerenhaff kennegeléiert an dobäi vill Neies entdeckt.
Mir hunn et eis och gemittlech gemaach an verschidde Bicher gekuckt. Natierlech dierft och dat gemeinsamt Spillen a Lachen net feelen.
Et war eng flott an ofwiesslungsräich Woch voller klengen Entdeckungen, gemeinsamen Erfarungen a vill Freed!
- Bei de Fliedermais
E klengen Abléck an déi éischt Woch (Précoce)
E klengen Abléck an déi éischt Woch bei eis an der Précoce.
Dës Woch hunn d’Kanner hir éischt flott Momenter an der Maison Relais erlieft.
Hei fannt Dir e puer Fotoen vun hiren Aktivitéiten an Erliefnisser.
Vill Spaass beim Duerchkucken!
