Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Infos parents

Neiegkeeten

  • Brouch

    Besuch um Baurenhaff "Kass Haff"

    Die Kinder durften richtig ins Bauernleben eintauchen: Sie haben Hühner gefüttert, Eier aus den kleinen Nestern geholt und in den Händen gehalten. Auch Ziegen und Kühe wurden gefüttert und die Esel und Zwergponys bestaunt.

    Zum Schluss durften sie sogar mit dem Bauern auf dem Traktor mitfahren und in seine Scheune fahren. Dort wartete ein kleiner „Spielplatz“ aus Heu mit einer riesigen Schaukel und das war ein echtes Highlight für die Kinder.


  • Brouch

    Pädagogescht Team 2026/2027

    En neit Joer fänkt un, an mir freeën eis ganz besonnesch, Iech eist flott pädagogescht Team virzestellen! ❤️ Mir sinn eng Equipe vu 17 Fachleit, mat ënnerschiddlechen Erfarungen a Perséinlechkeeten, mee mat engem gemeinsame Zil: Är Kanner mat vill Häerz, Respekt a Guttheet ze begleeden an hinnen e séchert an angenehm Ëmfeld ze bidden, an deem si kënne wuessen, entdecken, léieren an sech wuel fillen. ✨ Eis Equipe Responsabel: Vero Panetta Diploméiert Educateuren: Poldi Ilenia Chiara Ribeiro Dante Veni Marques Leigo Lisa Galli Stéphanie Lefeber Cynthia Görtz Deise Andrade Monteiro Christelle Ney Boban Stojakovic Lejla Sabotic Agents socio-éducatifs: Ramka Secovic Sandra Bernardo Sandra Faber Yannick Wiethoff João Marinho DAP-Apprenti – Agent socio-éducatif: Amina Ajdarpasic Mir freeën eis drop, mat Äre Kanner en schéint Joer voller Entdeckungen, Laachen, Spillen, Léieren a villen onvergiessleche Momenter ze verbréngen. Merci fir Äert Vertrauen a ganz häerzlech wëllkomm an dat neit Joer mat eisem Team!

  • Brouch

    Ënsber - Summer 2026

    Eng flott a villfälteg Woch an der Kolonie zu Ënsber

    Mir haten eng ganz schéin an ofwiesslungsräich Woch mat de Kanner vun der Maison Relais Bruch zu Ënsber. Och wann d’Wieder net ëmmer matgespillt huet, hu mir probéiert, aus all Dag dat Bescht ze maachen an de Kanner vill verschidde Méiglechkeeten ze bidden, fir ze entdecken, ze kreéieren, ze spillen an zesummen eng gutt Zäit ze verbréngen.

    Bei engem Ausfluch an de Bësch konnten d’Kanner d’Natur aktiv erliewen, sech bewegen an hir Ëmwelt mat alle Sënner entdecken. Och e Besuch am Musée de l’Ardoise stoung um Programm, wou d’Kanner op eng flott an interessant Manéier méi iwwert d’Geschicht an d’Traditioun vum Schifer geléiert hunn.

    An de kreativen Ateliere konnten d’Kanner hir Fantasie a Kreativitéit fräie Laf loossen. Si haten d’Méiglechkeet, sech artistesch auszedrécken, eegen Iddien ëmzesetzen an dobäi hir feinmotoresch Fäegkeeten ze stäerken.

    Bei de Waasserspiller stoung virun allem de gemeinsame Spillspaass am Virdergrond. D’Kanner konnten experimentéieren, entdecken a sech dobäi ofkillen.

    Fir e bësse Rou an Entspanung ze fannen, hu mir och en Wellness-Nomëtteg an der Natur organiséiert. Dës Momenter hunn de Kanner d’Méiglechkeet ginn, zur Rou ze kommen, sech ze entspanen an e Bewosstsinn fir hiert eegent Wuelbefannen z’entwéckelen.

    Sou ass trotz ënnerschiddlechem Wieder eng flott Woch entstanen, mat vill Beweegung, Kreativitéit, Entdeckung, Entspanung a virun allem vill gemeinsame Momenter.

    Mir freeën eis, op dës schéin Erfarungen zréckzekucken an nach vill weider flott Momenter mat de Kanner ze erliewen!

    Ilenia, Chiara, Veni & Boban


  • Bei de Fliedermais Brouch

    Aktiviteitenplang 17-21 August


  • Bei de Fliedermais Brouch

    Aktiviteitenplang vum 10-14 August


  • Brouch

    Eis- an Waasserkonscht: Entdecken, Experimentéieren a Kreativitéit

    Eng Aktivitéit, déi Naturwëssenschaft, Kreativitéit a spillerescht Léieren op eng flott Aart a Weis matenee verbonnen huet an de Kanner vill Freed bereet huet. ❄️


Nächst Lescht