Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Atelier Rollespiller


Den Atelier Rollespill läit um éischte Stack vun der Maison Relais an ass ee vun de gréisste Räim. Ausserdeem ass dëse Raum deen wandelbarsten Raum, well mir a bestëmmten Intervallen den Raum ëmänneren an esou nei Méiglechkeeten fir d'Spill kreéieren. Et kann also sinn, datt mir eis während e puer Méint anhand vun der Kichen, Supermarché, Poppeneck, asw. op alldeeglech Situatioune konzentréieren, an an aner Méint méi professionell Themen wéi den Dokter, Policebüro, Restaurant, asw. behandelen. Sou gëtt de Sall permanent un Interessen an aktuell Themen ugepasst a bleift net ëmmer d'selwecht. Mir bidden den Kanner en invitéierende Kader, deen hir Fantasie stimuléiert an et hinnen méi einfach mécht an déi jeeweileg Rollen ze rutschen.

Den Haaptfokus a Funktioun vum Raum ass d'fräit Spill. D'Kanner kënne sech a verschiddene Rollen versetzen an se no hirer Virstellung verkierperen. D'Rollespill soll de Kanner d'Méiglechkeet ginn Gedanken, Wënsch a méiglech Ängscht opzeschaffen, déi si am Moment beschäftegen. Andeems se verschidde alldeeglech Situatiounen fräi a fiktiv nospillen, léieren d'Kanner, wéi se op eng spilleresch Manéier mat hinnen ëmgoen, a wéi sie se am "richtege" Liewen verarbeschten kënnen. Sie léieren och mat Konfliktsituatiounen ëmzegoen an Mediatiounsfäegkeeten z'entwéckelen.

D'Kanner befannen sech op der Sich no Identitéit. Mat der Méiglechkeet, a verschidde Rollen ze rutschen, kënne si net nëmmen déi jeeweileg Roll besser kennen léieren, mee virun allem sech selwer. Sie fannen zu sech selwer an entwéckelen hir eege Perséinlechkeet, hir Identitéit.

Als pädagogescht Personal intervenéiere mir net aktiv am Rollespill, mee mir sinn Observateuren a ginn hinnen Virschléi. Op Ufro vun de Kanner si mir frou, am Rollespill mat ze maachen, mee mir imposéieren eis net. A Konfliktsituatioune gräife mir just an wann mir mierken datt d'Kanner kee Fortschrëtt maachen, entweder well hinnen déi néideg Kompetenzen dozou feelen oder well se bei der Léisung vum Problem iwwerwältegt sinn. De Problem gëtt diskutéiert an et gëtt probéiert dee mat de Kanner ze léisen. Mir ginn de Kanner d'Sécherheet déi se brauchen fir sech z'entwéckelen a sech ze fannen.

Wéi an enger viregter Rubrik beschriwwen, bleift de Raum net "stoen", mee ännert sech. Sou wéi och d'Material am Raum. Mir bidden de Kanner ëmmer verschidden "Bühnen" un. Beléift sinn nach ëmmer d'Kichen, d'Pizzeria, den Supermarché, den Poppeneck, d'Schoul, den Coiffeur/Schéinheetssalon, den Handpoppentheater, etc. well dat virun allem alldeeglech Plazen am Kannerliewen sinn. Mir probéieren awer och nei Saachen unzebidden, déi hinnen vläicht net ganz bekannt sinn. Soumat soll e Policebüro oder eng (Veterinaire) Dokter Praxis geschwënn Deel vum Rollespill ginn. Mir probéieren an all de Beräicher an de klengsten Detail ze goen, fir datt d'Kanner net an hirer Fantasi a Roll gebremst ginn, well hinnen wichtegt Material feelt. D'Kanner hunn och d'Méiglechkeet sech ze verkleeden, fir sech nach méi an hir Roll eran versetzen ze kënnen. Dofir gëtt et säit kuerzem och e méi grousse Spigel am Raum.