Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Atelier Sortie


Mir maachen iwert ganzt Joer an der LASEP mat. Mir huelen souwuel deel un den Portes ouvertes an der Lallenger Sportshaal, un den Yoga-Coursen an der Brillschoul, wéi och un den Schwamm Stonnen an der Brill Schwëmm.

Et ass eis ganz wichteg dass d'Kanner sech regelmeisseg bewegen an un Sportsaktivitéiten vun der LASEP deelhuelen, fir och aner Sportaarten kennenzeléiren. An dësem Zesummenhang sin mir immens frou, wann d'Kanner zu all Moment spontan deel kennen huelen. Dëst as nemmen méiglech, wann d'Kanner all Dënschdeg an Donneschdeg hier Sports- an Schwammsaachen an der Maison Relais hun.

 

Am Atelier Sortie geet et drëms, de Kanner verschiddes realitéitsnoh ze weise an ze erklären. D'Kanner hunn d'Méiglechkeet 1-2 Mol d'Woch d'Maison Relais ze verloossen. Duerch Kommunikatioun an Participatioun ginn d’Ausflich un d’Wënsch an d’Interessen vun de Kanner ugepasst. Dëse Studio bitt de Kanner d'Méiglechkeet hiert eegent Ëmfeld ze entdecken. 

D'Kanner kréien d'Méiglechkeet hir Virléiften, Ofneigungen an Grenzen kennenzeléieren (z.B. Entdeckung vun der Natur, Déieren, asw.). Duerch selbstbestëmmten Handlungen an Erfarunge gëtt d'Selbstvertrauen gefördert a verstäerkt. Geziilt Offeren erméiglechen d'Kanner iwwer hir eege Grenzen ze wuessen (Ängscht verwalten, nei Saachen entdecken)

Materialien fir diesen Atelier:

  • Éischthëllefskëscht
  • Telefonslëscht vun den Kanner mat den Noutfall Nummeren vun der Famill.

Den Atelier Schoulhaff erlaabt de Kanner sech dobaussen an der frëscher Loft ze beweegen. Mir benotzen d'Spillplaz virun allem fir fräit Spill ze erméiglechen, d.h. d'Kanner kënne fräi entscheeden wéi se hir Fräizäit verbréngen. D'Kanner sollen trotz Wiederkonditiounen (ausser bei héijen Minus Temperaturen, Loftböen, staarkem Reen, asw.) d'Méiglechkeet hunn dobaussen ze trainéieren. Dësen Atelier gëtt den Kanner d'Méiglechkeet aus den véier Mauere vun der Maison Relais ze kommen an hir Zäit dobaussen un der frëscher Loft ze verbréngen. Sportlëch Aktivitéiten sollen ugebueden ginn.

Si sollen Erfolleg am Grupp erliewen, wat e positiven Afloss op hir Gruppdynamik huet. D'Kanner sollen d'Natur besser kennen léieren andeems se mat natierleche Materialien erfuerschen an experimentéieren. Eise Schoulhaff ass duerch en Gitter vum Verkéier getrennt fir d'Sécherheet vun de Kanner ze garantéieren.

 

Materialien fir dësen Atelier sinn:

  • Scooter
  • Natirlecht Material fir ze bauen: Steng, Holz, Buedem
  • Hulla Hoop Räifen
  • Seel sprangen
  • Kräid
  • Sécherheet Kegel
  • Éichthëllefskëscht

Regelen:

  • D'Kanner sollen net all d'Material oder Spillsaachen eraushuelen, mee si kréien eng Këscht mat verschiddene Spillsaachen zur Verfügung gestallt
  • Kanner däerfen sech net hannert dem Gebai vun der Maison Relais ophaalen
  • D'Kanner mussen d'Material respektéieren
  • D'Spillplaz däerf net verlooss ginn
  • Si sollen keen Fussball spillen