Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Atelier Konscht


De Fokus an d'Funktioun vun dësem Raum ass d'bastelen an d'Handwierk. D'Kanner kréien d'Méiglechkeet sech artistesch auszedrécken, andeems se eppes kreéieren a gesinn wat se mat hiren eegenen Hänn a Kreativitéit erreechen kënnen. Si solle sech kreativ entwéckelen kënne an hirer Fantasie keng Grenze setzen.

Duerch d'Schafe vu Konschtwierker huet den Educateur d'Méiglechkeet sech an d'Welt vum Kand eran ze versetzen, wat en Abléck an d'Wuelbefannen vum Kand bitt. Konschtwierker erlaben dem Kand Emotiounen ze meditéieren an ze veraarbecht.

Et léiert och sech non-verbal auszedrécken, d'Selbstvertrauen ze stäerken an d'Gefill vu Selbstkritik z'entwéckelen.

D'Kand kombinéiert seng Fäegkeeten an der Sich no Identitéit.

 

Materialien fir dësen Raum sinn:

  • Faarwen (Bläistëfter, Filzstëfter, Aquarelle, Gouache, asw.)
  • Bastelmaterial wéi Schéiren, Päsch, Gummi, Lineal, asw.
  • All Zorte vu Materialien: Knäppercher, Fiederen, Glacken, Glitzer, Perlen, dekorativ Diamanten, asw.
  • D'Material gëtt no Faarf zortéiert, a mat engem Piktogram markéiert, sou datt d'Kanner d'Material séier selbstänneg fannen an erëm zereckraumen kënnen
  • Dekoratioun op de Maueren kënnen Plakater vu verschiddene Kënschtler oder hir Wierker sinn, selbstgemaachte/gemoolt Artikelen oder Basteliddien
  • Skulpturen kënnen d'Hal dekoréieren
  • Natierlecht a recycléiert Materialien (Upcycling) gi benotzt fir wirtschaftlech an ëmweltfrëndlech Aarbecht z'erméiglechen