Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Chill Lounge


De Fokus a Funktioun vun dësem Atelier ass et, de Kanner eng Plaz ze bidden wou sie sech zréckzezéien kënnen. Si sollen eng Plaz am Haus hunn, wou si sech entspanen kënnen. Den Atelier Chilllounge ass fir déi virgesinn Aktivitéiten a 5 Beräicher ënnerdeelt: Chilllounge-Beräich, Musek- a Bewegungsberäich, Turn- a Sportberäich, Film- a Kulturberäich, Austauschberäich.

  • Chill Lounge Beräich: Dëse Beräich erlaabt Kanner sech eng Paus vum Alldag ze huelen. Duerch verschidden Hëllefsmëttel/Interventiounen, z.B. Massagebäll, Musek, Yoga-Übungen oder Meditatioun, léieren d’Kanner sech an hierem Ëmfeld an d’Gläichgewiicht ze bréngen. Positiv Energie kann kanaliséiert ginn a Stress kann ofgebaut ginn.
  • Musek- a Bewegungsberäich: Hei gëtt de Kanner eemol d'Woch de Ritual "Wibbel e bessien" ugebueden. Dëse Ritual invitéiert d'Kanner op eng spilleresch Manéier sech ze bewegen. 
  • Turn- a Sportberäich: Dëse Beräich erlaabt den Kanner un sportlechen Aktivitéiten deelzehuelen (Yoga, Judo, Selbstverteidegung, etc.) Dëst trainéiert hir eegent Kierperbewosstsinn a stäerkt hir Selbstvertrauen.
  • Film- a Kultur Beräich: An dësem Beräich gëtt de Kanner geziilt pädagogesch Dokumentatioun ugebueden (z.B. Recycling, Ëmwelt, Kultur an aktuell Themen). Empathie, Sensibiliséierung, Emotiounsveraarbechtung, Sprooch an aner Perspektiven ginn de Kanner erméiglecht.
  • Austauschberäich (Kannercomité + Ritual "Erziel mir eppes"):  Eemol am Mount hunn d'Kanner d'Méiglechkeet hire Kannercomité ze halen. An dësem Comité ginn Meenungen, Wuelbefannen an Iddien ausgetosch. Meenungen an Aussoe ginn validéiert a veraarbecht. Den Ritual "Erziel mir eppes" erméiglecht et d'Relatioun tëscht dem Educateur an dem Kand ze stäerken. Non-verbal a verbal Ausdréck si méiglech.

 

Materialien fir dësen Raum:

  • Sofa
  • E klengen Dësch fir en entspaant Kaartenspill
  • Këssen
  • Matratzen
  • Massage Bäll
  • Decken, Petzien
  • Museksbox
  • Stëmmungs Beliichtung
  • Tele, Computer

 

Ritual „Zen-Attitude“

En integralen Deel vun eiser Wochenplanung sinn déi dräi verschidde Ritualer Méindes, Mëttwochs a Freides an der Mëttespaus. Ee vun dëse Ritualen fënnt Méindes statt, eis "Zen-Astellung". Mir hunn dëse Ritual gewielt well mir eng reegelméisseg Aktivitéit ubidden wollten, déi dozou déngt de Kanner ze weisen wéi sie sech no engem ganze Moien an der Schoul entspanen kënnen. D'Aktivitéit fënnt virun allem an eisem "Chill Sall" statt, wann d'Wieder gutt ass, verleen mir d'Aktivitéit och gären dobaussen op eis Spillplaz.

Mat eiser "Zen-Attitude" fördere mir virun allem d'Beräicher Kierperbewosstsinn, Bewegung a Gesondheet. Dësen Handlungsberäich schéngt eis wichteg fir regelméisseg all Woch drun ze schaffen. An eiser séierer an normalerweis gestresster Gesellschaft ass et fir eis wichteg, datt d'Kanner léieren op hire Kierper ze lauschteren an geziilt Pausen ze huelen, fir Kraaft ze kréien an de Rescht vun hirem Alldag ze bewältegen. Besonnesch Kanner brauche sou eng „Flucht“ aus dem stressegen Alldag deen doraus besteet an d'Schoul ze goen, dorops an d'Maison Relais an dann Heem. An dësem ganz strukturéierten Alldag brauche d'Kanner Momenter fir hire Kierper bewosst opzehuelen, sech rëm ze fannen an de Kapp fräi ze kréien. Et ass wichteg mam eegenen Kierper bewosst ëmzegoen an ze bemierken wann et schwiereg gëtt alles ze bewältegen. Genau do wëlle mir handelen an de Kanner verschidde Méiglechkeeten weisen, mat deenen se dem Stress entgéintwierke kënnen. Well wéi jidderee weess, ass Stress, besonnesch laangfristeg, schiedlech fir de Kierper a Geescht.

Duerch déi verschidden Aktivitéiten léieren d'Kanner, wéi se vun enger Spannung an d'Entspannung kommen kënnen. Mir probéieren d'Aktivitéiten a verschiddenen, éischter kuerzen Seancen unzebidden, fir datt esou vill wéi méiglech Kanner vun der Offer profitéiere kënnen.

Méiglech Aktivitéiten déi mir ubidden sinn:

  • Yoga
  • Entspanung mat Musek
  • Massagen
  • Geschichten virliesen
  • Dramreesen
  • Mol Aktivitéiten
  • Brietspiller a Puzzel a klengen Gruppen
  • Atmungsübungen