Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Atelier Bibliothéik


De Medienraum ass eise klengste Raum an läit um Rez-de-Chaussée vun eiser Maison Relais. Mir hunn de Raum an zwee Beräicher opgedeelt. Mir benotzen en als Medienraum an als Bibliothéik mat engem Lieseck. De Sall ass mat véier PCs ausgestatt, déi als Kommunikatiounsmëttel déngen a fir eng Vielfalt vun Informatioun ze recherchéieren. Et gëtt och e Bicherregal am Sall mat all Zorte vu Bicher an Zäitschrëften. Dëse Regal ass op Kannerhéicht sou datt Bicher an Zäitschrëften fir all Kand einfach z'erreechen sinn. Als Geleeënheet fir a Rou ze liesen, hu mir e gemittlechen Eck ageriicht, wou d'Kanner sech zréckzéien kënnen. Wann deen besat ass, kënnen si sech nach ëmmer bei zwee Dëscher mat Still sëtzen. 

D'Funktioun an de Schwéierpunkt vum Sall ass et, den Kanner an Erzeier Zougang zu Informatiounen ze erméiglechen, sief et um Internet oder a Bicher. Op der anerer Säit gëtt et de Kanner och eng Plaz fir sech zréckzezéien, wou se a Rou liesen a Recherche maachen kënnen. D’Kanner kréien d’Méiglechkeet, an engem sécheren Ëmfeld ze léieren, wéi een de PC an den Internet benotzt. Si hunn d'pädagogescht Personal ëmmer bei hirer Säit fir Froen ze stellen wa se net wësse wéi se weider maache sollen.

D'Kanner léieren wéi se sécher um Internet surfen a PC-Programmer richteg benotzen, zum Beispill wann se Texter schreiwen (Microsoft Word). Si hunn d'Méiglechkeet Informatiounen fir Schoulprojeten/Presentatiounen ze sichen, an wann néideg, se auszedrécken. Mat eiser Ënnerstëtzung léieren d'Kanner den PC an Internet sou gutt wéi méiglech ze benotzen.

Si ginn an hirer Onofhängegkeet encouragéiert andeems si sech hiert Wessen selwer uneignen, an net nëmme wichteg Informatioune vun Drëtte kréien. Dës Acquisitioun vun Informatioun ernäert d'Kuriositéit an de Wonsch no neit Wëssen bei den Kanner. An dat net nëmmen duerch elektronesch Hëllefsmëttel, mee och duerch Bicher an Zäitschrëften. D'Kanner solle léieren, datt een sech net nëmmen eensäiteg mat engem Hëllefsmëttel d'Wëssen uneignen kann, mee datt een nëmmen duerch verschidde Methoden all déi néideg Informatioune zesummen kritt.

D'Kanner léieren och, wéi een d'Objete respektvoll notzt, well déi fir all Kand an der Maison Relais do sinn. Awer och Respekt viruneneen, well et am Sall och ëm Rou a Réckzuch geet. All Kand soll d'Méiglechkeet hunn, sech a Rou an senger Recherche oder an sengem Buch verdéiwen ze kënnen ouni gestéiert ze ginn. Dofir ass dëst Zëmmer och an der Unzuel vun de Kanner limitéiert.