Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Restaurant


De Restaurant läit um Rez-de-Chaussée vun der Maison Relais. Et sinn 5 Dëscher am Sall, déi jeweils 6 Kanner ophuelen kënnen. Op der viischter Mauer sinn och 2 Dëscher mat Heizplacken fir de Buffet. Dës Dëscher sinn erofgeschrauft ginn, fir datt se un d'Héicht vun de Kanner ugepasst sinn, an sie sech selwer zervéieren kënnen. Den Haaptfokus a Funktioun vum Raum ass zesummen ze iessen. De Sall gëtt awer och benotzt fir d'Hausaufgaben Hëllef.

 

D'Aschreiwung fir de Restaurant funktionéiert iwert Magnéiter mat den jeweilegen Nimm vun den Kanner. Nieft der Entréesdier zum Restaurant gëtt et eng grouss Magnéitmauer mat enger Skizz vum Zëmmer mat den Dëscher. Nodeems mir mat de Kanner aus der Schoul an d'Maison Relais zréckkommen, kënnen déi éischt Kanner sech mat engem Magnéit an de Restaurant umellen a gläichzäiteg fräi hir Plaz wielen. Soubal d’Kanner fäerdeg giess hunn, kënne si an ee vun den ugebueden Ateliere goen. Fir dëst ze maachen, muss d'Kand sain Magnéit ewechhuelen an en op eng designéiert Kolonn op der magnéitescher Mauer réckelen, sou datt jidderee weess datt dëst Kand schon am Restaurant war. Sou wessen déi aner Kanner och datt Plazen am Restaurant fräi gi sinn. All Kand muss während dem Mëttegiessen duerch den Restaurant goen an kuken wat ugebueden gëtt. 

 

Den Kanner gëtt d'Iessen an Heizplacken zervéiert a si kënne sech fräi bedingen. Si kënnen hiren Teller esou gestalten wéi se wëllen, well all Kand verschidden Virléiften huet an dofir fräi entscheeden kann wat a wéi vill et iessen well. Natierlech probéieren mir als pädagogescht Personal ëmmer d'Kanner ze motivéieren fir nei Liewensmëttel auszeprobéieren an eng equilibréiert Ernährung ze garantéieren.

Mir leeën vill Wäert op eng agreabel Atmosphär am Restaurant. Jidderee soll a Rou an entspant iessen kënnen. Mir probéieren de Volume ze regléieren, fir datt et net ze haart gëtt am Sall, andeems mir d'Kanner dauernd drun erënneren datt mir lues matenee schwätzen an am Restaurant net gespillt gëtt. Als pädagogescht Personal léiere mir de Kanner exemplaresch Dësch Manéieren bäi an leën vill Wäert drop datt jiddereen sech dorunner hält. Mir motivéieren d'Kanner och hire Sëtz fir déi nächst Persoun genau seu ze verloossen wéi se en fonnt hunn. Fir jidderee vun eis sollt d'Iessenssituatioun en agreabele Moment am Alldag sinn.

Material am Restaurant:

  • Dëscher a Still
  • Besteck, Telleren, Geschir
  • Dëscher mat waarme Platen fir de Buffet ze zervéieren
  • Uebst Schësselcher an Dessert Platen
  • Dëschdekoratioun (saisonal)
  • Iesspyramid a Plakater / Fotoen vun Iessen
  • Organesch a Reschtoffallcontainer, souwéi Valorlux Tuut
  • Waasserautomat
  • Frigo fir d'Iessen kaal ze halen bis et zervéiert gëtt
  • Thermometer
  • Tafel iwwer den Heizplacken (Informatiounen iwwer déi maximal Unzuel vu verschiddene Liewensmëttel)
  • Affiche mat Informatioun iwwer Allergien an alternativ Menüen