Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Atelier Kichen


Am Atelier Kichen ginn d’Kanner während invitéierend kulinaresch Aktivitéite geléiert, wéi ee gesond Iessen virbereet, wéi ee mat Iessen iwwerhaapt ëmgeet a wéi ee gutt Hygiène beim Kachen a Baken übt. D'Kanner mellen sech selwer fir d'Atelieren an der Kichen un. Mir passen all zesummen op d’Sécherheets- an d’Hygiènesmoossnamen op, dat heescht, datt jidderee sech un déi verschidde Situatioune upassen muss (z.B. d’Hänn grëndlech wäschen, waarmen Uewen, schaarf Messer). Dofir ass et ëmmer wichteg, datt en Erzeier d'Kanner an den Atelieren begleet.

 

Mat dësen Atelieren wëlle mir de Kanner d'Meiglechkeet ginn, sech selwer an enger Kichen rëmzefannen, sou wéi och d'Bak- an Kachgeschir kennezeléieren. Dofir gëtt de Kanner en optimalen an invitéierende Kader ugebueden, deen d’Baken a Kachen méi attraktiv maache soll. Bei dësen Aktivitéiten hunn d'Kanner d'Méiglechkeet ze entdecken wat se mat hiren eegenen Hänn hirstellen kënnen, hirer Kreativitéit fräien Laaf loossen, an nei Sënner entdecken. Bei den verschiddenen Aktivitéiten an der Kichen matzemaachen, mécht d'Kanner stolz, erhéicht hir Selbstwertgefill an d'Zesummeliewen an der Maison Relais.

 

An der Vakanz notzen mir déi Zäit, dass vill Kanner de ganzen Dag an der Maison Relais verbréngen, fir méi grouss Kach- oder Bakrezepter auszeprobéieren. Heiansdo bestelle mir dat geplangtent Iessen bei eise professionelle Käch oof, fir datt mir selwer en Mëttegiessen mat den Kanner virbereeden kënnen. 

Mir stellen de Kanner, déi sech am Kachatelier aschreiwen, all d'Kichenausrüstung souwéi all d'Iessen, déi et an der Maison Relais gëtt zur Verfügung. Et ass also dem Educateur seng Aufgab sécherzestellen, datt all d'Ingredienten op der Plaz sinn. E puer Deeg virun der geplangter Aktivitéit këmmert den Erzéier sech ëm d'frësch Kach- a Backworen. D'Roll vum Erzéier ass och d'Validitéit vun de Produkter am Aan ze halen.

Virun eisen wöchentlechen Bestellunge kucke mir all d'Schränk an Frigoen duerch fir ze kucken wat eis fehlt. D'Kanner kënnen hir Wënsch och op engem Whiteboard an der Kichen opschreiwen. All Kéiers wann e Produkt opgemaach gëtt, ass et wichteg den Ëffnungsdatum vum Artikel ze notéieren, well verschidde Produkter net laang haalen.