Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Atelier Gesellschaftsspiller


Den Atelier vum Gesellschaftsspill ass um éischte Stack. En gëtt benotzt fir ze spillen, awer och als Konschtraum. Am Deel vum Sall wou d'Brietspiller benotzt ginn, stinn den Kanner Dëscher a Still zur verfügung. D'Kanner hunn och d'Méiglechkeet um Buedem ze spillen. Et gëtt och e grousst oppene Schaf dee Brietspiller a Puzzelen enthält, souwéi Material fir de Konschtraum. Mir hunn d'Regaler esou ageriicht datt d'Gesellschaftsspiller zesummen sinn, souwéi d'Puzzel an d'Experimentspiller. Sou datt alles kloer geraumt ass an d'Kanner méi wahrscheinlech de Wee autonom zu den Spiller fannen. Déi grouss Fënsteren op Mauer maachen de Raum flott hell a frëndlech.

D'Funktioun an de Fokus vum Raum ass virun allem fir zesummen ze spillen a Spaass ze hunn. Mir förderen d'Solidaritéit tëscht de Kanner, well se hir Fräizäit zesummen verbrengen beim spillen. De Sall gëtt de Kanner d'Méiglechkeet Iddien auszetauschen a mateneen ze kommunizéieren. An engem rouege Kader kënne si sech beim spillen ennerhaalen an iwwer hir Erfarunge schwätzen, dobäi ginn hir sozial Bezéiungen gestäerkt an hir Frëndschaft gepflegt. Op der anerer Säit fördert d'Brietspill och d'Zesummenaarbecht, d'Kompromissfäegkeet an d'Konzentratioun bei de Kanner, an dat alles mat Spaass kombinéiert. Zesummespillen fördert hir emotional Fäegkeeten, besonnesch duerch d'Ofwieslung tëscht Spannung an Entspanung während dem Spill. D'Strategiekompetenzen vun de Kanner ginn a ville Spiller gefördert, a si léiere sech och un d'Regelen anzehalen an se ze verfollegen aus respekt zu den aneren Kanner, sou datt et ëmmer gerecht bleift. Dëst brengt den Kanner bäi Ongerechtegkeeten z'identifizéieren, a wéi se domat ëmgoen wann d'Regele net agehalen ginn. Dëse Respekt vuneneen ass fir eis grad esou wichteg wéi Respekt fir dat Material dat benotzt gëtt.

Et ass eis och ganz wichteg, datt d'Kanner hiren Alldag roueg am Raum verbréngen kënne, sou datt mir probéieren ze vermeiden datt de Raum iwwerfëllt gëtt. Jidderee soll genuch Plaz hunn fir Spaass mat den Frënn ze hun andeems e gemittleche Volumen agehaalen gëtt. Besonnesch well öfters während spannende Spiller méi haart gelaacht oder geschwaat gët, ass et wichteg net ze vill Kanner am Raum ze hunn. Zousätzlech zu dësem Aspekt ass et och wichteg datt et net ze haart ass, well et bei vill Spiller dorëms geet aktiv nozelauschteren oder kloer ze schwätzen. Fir eis as et och wichteg dass d'Kanner hiren Vocabulaire weider entwéckelen.

Andeems se matenee spillen, léiere Kanner och hir Widderstandsfäegkeet besser kennen. Virun allem wann et drëms geet ze verléieren. Si léiere wéi se mat dem verléieren an engem Spill ëmgoen, awer och wéi schéin et ka sinn ze gewannen. Mir als pädagogëscht Personal sinn do fir si z'ënnerstëtzen a vill mat de Kanner ze schwätzen. Andeems et déi aner Kanner an d’Erzéier beobachtet, léiert d’Kand wéi anerer mam Thema ëmgoen a kann domat Kompetenzen opbauen, déi him selwer dobai hëllefen.

Mir hunn ganz verschidden Spiller. Et gi Wierfel- a Glücksspiller (z.B. Bingo), Legespiller (z.B. Zuelen a Buschtawen), Denkspiller (z.B. Gedächtnis), Rollespiller (z.B. Agent-Spiller), Fäegkeetsspiller (z.B. Twister), souwéi Quiz a roden Spiller.