Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

All News

Rallye "Lëtzebuerg"

30.08.2019
Lallange


Zesummen mat den Kanner hunn mir ons mat dem Thema Lëtzebuerg auseneen gesaat.

Kolonie: Ënsber Summer 2019

23.08.2019
Galaxy


Méindes, de 19ten August war et endlech souwäit! Mir sinn op Ënsber an d‘Kolonie gefuer. D‘Kanner sou wei och d‘Erzeier waren voller Virfreed op déi Woch! 

Mir konnten flott Aktivitéiten mat den Kanner maachen an d‘Wieder huet gutt matgespillt. Mir hunn eng flott Faart mat engem Solarboot gemaach wou mir d‘Deieren am Waasser kennegeléiert hunn. Mir waren zu Esch-Sauer an sinn do d‘Buerg besichen gaangen wou mir ganz vill Trapen missten eropgoen. Mir sinn Minigolf an de „Migo“ spillen gaangen an hunn do och op der Indoor Spillplaz konnten spillen. Mir konnten all Dag vun deier flotter an grousser Spillplaz profitéieren déi mir hei beim Haus hunn! 

Mir haten praktesch all Owend d‘Meiglechkeet dobaussen z‘iessen an virun engem Lagerfeier z‘entspaanen. 

Mir hunn deen groussen Bësch besicht an den Skulpturenwee gemaach. Mir hunn schéin nei Platzen entdeckt. Bei deem gudden Wieder haten d‘Kanner och d‘Meiglechkeet an den Stauséi ze goen, wat hinnen gutt gefall huet. 

D‘Kanner an d‘Erzéier vun der MR Galaxie soen dem Carlo an senger Equipe Merci fir dat gutt Iessen an Gaaschtfrëndlechkeet am Vakanzenhaus Ënsber.

Maison Relais Galaxie

Colonie "Insenborn" 2019

06.08.2019
Bei de Fliedermais


Méindeg den 22.07.2019 war et esouwäit, d’Kanner sinn mat hiren Groussen Valisen an d’Maison Relais komm an waren voller Virfreed vir op Insenborn an d’Kolonie vir ganzer 4 Nuechten.
De gemëschten Kanner Grupp (Spillschoul bis 6.Schouljoer) goufen vun 4 Educateuren begleet. (Joy, Adelisa, Marisa, Sam)
Et huet sech schnell erausgestallt, dass mir déi richteg Woch erausgesicht hunn vir
mat de Kanner an d’Kolonie ze fueren wann een um Handy d’Meteo vir di ganz Woch gekuckt huet. (Ganz Woch iwwer 35Grad Sonn a Bloen Himmel).
De Wee op den Stauséi, stoung um Dagesprogramm an huet all Dag vir déi passend Ofkillung gesuergt.
Eis Maison Relais huet et sech virun 3 Joer zur Aufgab gemaach, zu Insenborn eng Hütt ze erbauen an bei all Visitt „Kolonie“ gëtt dës Gefléckt a mei Grouss gebaut.
DëseSummer hunn mir aus Paletten Bänken an Dëscher zesummen geneelt a ugestrach vir den passenden Interieur.
Dënschdeg ass Mueres géint 11h00 en Escher Bus ukomm, mat den rechtlechen Kanner aus eiser Maison Relais, net vir do ze-schloofen mee einfach eng Visitt ze maachen an den Dag Zesummen ze verbréngen. Owes géint 16h30 goung et vir déi Kanner nees Heem a Richtung Esch.
Am laf vun der Woch hunn mir den Mohammed kennegeléiert, hien huet eis mat vill gudder Laun den DJEMBE virgestallt, an wat een alles domadder kann maachen.Mam Mohammed hunn mir de ganzen Dag verbruecht an souguer am Enn vum Dag huet hien eis gewisen wie een Afrikanesch Bijou’en op traditioneller Art a Weis hierstellt „d’Kanner waren hell-op Begeeschtert“.
Fazit vun der Woch: Super Meteo, vill Spaass a super Momenter Zesummen verbruecht.
Villmools Merci un d’Equipe vun Insenborn di eis sou super Opgeholl an Verwinnt huet.

Maison Relais Fliedermais

Grouss Bak Projet FINAL

30.07.2019
Bei de Fliedermais


Hei de Video zu eiser Grousser Bak Projet FINAL,

d'Kanner hunn an Zesummenaarbecht mat den Educatricen Veronique an Anais et ganzt Schouljoer 1x Woch gebak,
do goung et net nëmmen drëms en Kuch ze Backen an duerno Ziessen, am Géigendeel d'Kanner goufen drop preparéiert
en Kuch am Enn vum Schoul Joer komplett selbstänneg ze Baken ouni Hëllef vun den Educatricen.

Aus dem Projet sinn 2 Ekippen entstanen, an dunn war et esouwäit... FINAL stoung virun der Dier.
All Ekipp huet sech Zesummegedoen an se hunn decidéiert welchen Kuch se wëllen Baken an Jury wëllen Begeeschteren mat der Optik souwéi den Goût vun hire Bakprojet.
D'Jury war komplett onofhängeg a war ganz STRENG...am Enn vun der FINAL huet et missen e Gewënner ginn, mee souvill sief gesot d'Jury huet sech richteg schwéier gedoen well et war Fantastesch wat d'Kanner gebak hunn an huet net schlecht Gestaunt.

 


Imagefilm vun der Stad Esch vir de Service Maison Relais

30.07.2019
Bei de Fliedermais


Maison Relais Fliedermais huet en Imagefilm vir Stad Esch produzéiert/realiséiert.

De Beruff vum Educateur ass net nëmmen e Beruff vir op Kanner opzepassen mee en ass vill méi villfälteg wei geduercht...
Dëse klengen Film gëtt en realisteschen wei och flotten Abléck an d'Aarbecht vum Educateur

Hei klicken vir de Video zekuken


Summerfest 2019

08.07.2019
Papillon


Léif Elteren, Léif Matarbeschter,

Heimadden lueden mir Iech alleguerten häerzlech an un éisem Summerfest 2019 deel ze huelen!

Wéini? Freideg, den 12. Juli 2019 ab 16.30 Auer

Wou? An der Maison Relais Papillon

Fir Iessen an Gedrènks ass gesuergt: Gegrills, Zaloot, Kuch, Gauffren,... Fir alleguerten, ob grouss oder kleng, ass eppes dobai!

Fir d'Kanner sinn selbstverständlech Aktivitéiten an Spiller firgesinn, dei dem Wieder entspriechend gewiehlt ginn.

Eist Christina weist Iech zu dëser Geleenheet och nach een Film mam "Best of 2019" vun eiser Maison Relais.

Hudd dir deen Dag nach näischt um Programm oder hudd dir einfach Loscht kuerz eranzesprangen? Dir sidd häerzlech Wëllkomm!

Mir frëeen eis Iech all begréissen ze dierfen!

Mat héiflechen an kollegialen Gréiss,

D'Equip vun der Maison Relais Papillon

C4 NOWI- Ready for the next step

04.07.2019
Nonnewisen


Petite sortie au restaurant avec nos "grands" du cycle 4.
Le moment est venu de franchir un nouveau cap, celui d'aller au lycée au mois de septembre.
Comme le veut notre tradition, chaque année au mois de juillet, nous sommes allés dîner au restaurant pour nous dire au revoir.
Une petit cadeau d'adieu les attendait.
Toute l'équipe de Nonnewisen leur souhaite bonne chance pour leur nouvelle étape et notre porte restera ouverte pour passer et nous faire un petit coucou.

Atelier crèpes mam Sophie sénger Mama

22.06.2019
Nonnewisen


Atelier de clatite cu mama lui Sophie

NOWI op Besuch am Radio BABBEL

20.06.2019
Nonnewisen


Eischt Viregt Nächst Lescht