Aktivitéit: Schatzsich am Gaart (Maison Relais Papillon)
07.04.2020D'Natur,
Mat den Kanner eng Schatzsuche maachen am Gaart. D'Kanner sichen mat Hëllef Naturmaterialie, wei der an der Foto (enner dem Link "Fotoen") fannen kënnt.
Alternativ kënnt dir och Fotoen vu verschiddene Insekte, Blummen, Villercher, Bëem, Blieder, etc. maachen. (mat ärem Fotoapparat, ärem Smartphone, ärem Tablet, ärem Nintendo 3DS,...)
D'Zil ass et enner aanerem, dass d'Kanner mat Iech zesummen d'Natur entdecken kënnen an entweder hir Schätz sammelen kennen fir mat Heem ze huelen oder als Fotoundenken mat Heem kënnen ze huelen.
Weider Recommendatioune éisersäits wieren et, den Kanner hir Bëstemmungsbicher matzehuelen "Mäin éischt Bestëmmungsbuch", do fannt dir nëtzlech Informatioune zu ärem Fund an awer och een Numm zum Objet, sollt dir en net wëssen. Do kinnt dir dann alt erem äert Kand encouragéieren déi Blumm, dat Blaat, dat Insekt, etc. fir Iech ze bestëmmen an Iech "eppes beibréngen" ze loossen vun äerem Kand. Gleewt eis wann mir soën äert Kand ass dankbar an net mei wei stolz an houfrëg seng Entdeckunge mat Iech ze deelen, och wann dir schonn alles iwwert dei Saachen wëssen sollt.
Är Kanner brauchen är ongedeelten Opmierksamkeet, daat heescht: lauschtert hinnen no, luewt äert Kand, soot him wann dir eppes geléiert hutt oder eppes net wosst, soot him et wann hien oder hatt eppes gutt gemach huet, etc. Sidd w.e.g. dei Elteren, dei är Kanner brauchen!
Wann äert Kand nët eens gëtt, dann huelt Iech ebëssen Zäit an weist him wéi et geet w.e.g. äert Kand wäert Iech dankbar sinn!
Alternativen zu engem Bestëmmungsbuch sinn d'Internet (Google, Websites, an co.) oder och Apps op äerem Smartphone respektiv Tablet.
Bei weideren Froën ärersäits stinn mir Iech gäeren zur Verfügung!
https://www.pflanzen-bestimmung.de/
https://www.baumkunde.de/baumbestimmung/
https://www.nabu.de/natur-und-landschaft/natur-erleben/spiele-apps-klingeltoene/vogelfuehrer/index.html
etc.
» Fotoen