Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

All News

Action de solidarité

19.03.2019
Highlander


Pour notre Projet "savoir vivre" nous avons monté une petite action de solidarité.
La vente de gâteaux par les enfants à la Maison Relais Highländer a contibué à l'achat de matériel scolaire pour une école primaire à Mbour au Sénégal.

MEGA-ÖKO GANG NATURQUIZ

19.03.2019
Galaxy


19.03.2019.
Mir, eng Grupp Kanner vun der Maison Relais Galaxie, hun eis een Atelier gewënscht deen sech ém d’Thema „Mega-Öko Gang“ dréint.
Bei der Mega-Öko Gang handelt et sech ém Sammelkaarten ronderem d’Thema Déieren, Natur an Ëmweltschutz, déi een gratis an enger bekannter lëtzebueger Supermarchéechâine  kritt.
Als Aktivitéiet hun mir vum Erzéier Jérôme een Quiz matt séllechen Froen uneguerden kritt .
Dofir hun mir kleng Equipen gemaach an hun fleissech probéiert semtlech Froen (zum Thema Déieren an Natur) richtech ze beentwerten.
Natierlech ass et och een Preis fir déi bechten Equipe gin.
Fir dass déi aaner Equipen matt manner Punkten net traureg sin, kruuten des selbstverständlech och een Preis anhand vun neien Sammelkaarten.

MEGA-ÖKO GANG : Zesummen sin mir staark
MEGA-ÖKO GANG : l’union fait la force

URBAN ART GALLERY @Luxexpo

14.03.2019
Galaxy


!!! matt VIDEO !!!

Donneschdes, de 14ten Mäerz war nees ee Stéck Kultur um Programm.
Zesumme mam Ilenia a mam Jérôme, ass eng Grupp vun interesséierte Kanner d‘Urban Art Galerie an d‘Luxexpo The Box um Kierchbierg kucke gaangen.
Hei waren e sëlleche Konschtwierker vun allerlee Artisten ausgestallt. E puer hunn mir an nämmlechter oder an ofgeännerter Form aus dem „Kamellebuttek Esch-sur-Alzette“ oder aus anere Konschtgalerien, déi mir kucke waren, scho kannt. Och trotz eis bekannte Wierker, konnte mir allerlee nei Konscht entdecken a bestaunen.
Den Daniel Lloyd huet sech fir eis Zäit geholl an huet eng kleng visite guidée mat Explikatiounen gi.
Merci dem Daniel fir seng Zäit an säin Engagement.
An natierlech Merci all den Kënschtler.

IWWREGENS :
op dëser Platz hei fannt dir och een klengen Video vun eiser sortie pédagogique.
--> OPP PLAY (den Dreieck) drëcken fir de Video ze starten

Eeërverkaaf fir Ouschteren an der MR Galaxie

11.03.2019
Galaxy


Ouschterzeit ass Eeërzeit !
Egal op haart gekacht a bont gemoolt oder aus lecker Schockela, Ouschtere mussen et Eeër sinn.
Aus dësem Grond kënnt den Ouschterhues mat sengen Eeër och an d‘Maison Relais Galaxie.
Des Kéier bréngt en net nëmme vun de Kanner gemoolten Ouschtereeër mat MAIS OCH mat de Kanner zesumme gemaachten Ouschtereeër aus Schockela an Nutella-Geschmaach !
Dir kënnt är Commande fir gekachten Eeër an/oder d‘Nutellaeeër zesumme mat de Sue virum 22ten Mäerz an der Maison Relais Galaxie ofginn.
Weider Infoe kritt dir per Flyer an dir kënnt och gäre beim Personal nofroen.

Eisen Wochenprogramm 04.03.-08.03

04.03.2019
Galaxy


Méinden
12:00-14:00 "Ech wënsche mir ee Lidd" mam Alex (Atelier Freestyle)

Dënschden
14:00-16:00 "Lasep Cycle 1" mam Alex
14:00-16:00 "Lasep Cycle 2/3/4 Thema pétanque" mam Jérôme + Soraya
14:00-16:00 "Mir baken ee Marmerkuch" mam Cathy (Atelier Taste)
14:30-16:00 "Mir bastele Fréijoersblummen" mam Christiane (Atelier Créatif)

Mëttwoch
12:00-14:00 "Ech erzierlen dir eng Geschicht" mam Christiane (Atelier Bicherwuerm)
16:00-18:00 "Kulturbauen Reloaded" mam Venancio (Atelier Konstrukto)

Donneschden
13:00-14:00 "Mir bastelen Ouschtereeër" mam Ilenia (Atelier Créatif)
14:00-16:00 "Mir baken Kichelcher" mam Soraya/Christiane (Atelier Taste)
14:00-16:00 "Friichten-Mousse mat frësche Kraider a roude Bëschfriichten" mam Jérôme (Atelier Resto)

Freiden
13:00-13:30 "Yoga" mam Soraya + Christiane (Atelier Freestyle)
16:00-18:00 "Film als Oofschloss vun der Woch" (Atelier Freestyle)

Colonie Fuesend Ensber, MRE LALL an MRE NOWI

18.02.2019
Nonnewisen
Lallange


Léiw Elteren,
Kanner an d'Erzéier sin den 18.02 gudd mam Bus zu Ensber ukomm!
An no 1 Woch voller Aventuren ass jiddereen och nees gudd zeréck op Esch komm.

Lecker Orange-Kichelcher

08.02.2019
Galaxy


Eischt Viregt Nächst Lescht