Aktivitéit: Bodyweight Training (Maison Relais Papillon)
06.04.2020Léif Elteren an léif Kanner,
Sport ass wichteg, daat wëssen mir all, et hëlleft eis gesond ze bleiwen, eis Energie lass ze ginn, mir ginn mei kräfteg, mir kréien mei Konditioun,... Mëe grad elo ass Sport immens wichteg mam Virus an mat der Quarantän. Et hält eis gesond, eist Immunsystem aktiv, eis Moral an der Luucht an mir fillen eis einfach besser.
Hutt dir keng Hantelen Doheem? Hutt dir keng Bänk Doheem? Keen Laafband?...
Net schlëmm! Do ginn et fir alles Alternativen an ären eegnen Kierper ass all d'Gewiicht, daat dir jemols braucht fir een Training ze maachen.
Keng Hantelen? -> eng 1L Wasserfläsch weiht 1 kg, mei schwéier? 1 Sixpack Wasser weiht 6kg, ärt Kand weiht 20-50kg je no Alter an Kierperbau, Pappen, Hutt dir schonn emol Kniebeugen gemach mat ärem Kand um Reck? Et ersetzt labber eng Beenpress.
Keen Laafband? -> Trappen erop- an eroflaafen wierkt Wonner an Punkto Cardio-training an Kalorien verbrennen! Keng Traapen? Oh ech sinn mer sech dir fannt opmannst een Treppléck!
Är Kanner hunn keng Loscht? Gitt hinnen emol eng Challenge, wei zum Beispill: Ween vun eis kann mei laang eng Plank aushaalen? Ween vun eis Kann mei laang an der Kniebeuge bleiwen? Wien ass mei schnell Trappenhaus erop? Ween packt mei Pompelen? Gleeft mir är Kanner wëllen et wëssen!
Bei Froën oder Firschléih, schréiwt eis roueg! :)
Oder konsultéiert YouTube, Google, Pinterest an co. ;)
Zum Beispill:
https://www.youtube.com/watch?v=A51ak-2CW3g
» Fotoen