Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Aktivitéit: Kachen a Backen (maison relais papillon)

09.04.2020

Kachen an Backen ass eng Aktivitéit, déi d'Kanner gäeren hunn an wou sie och gäeren hëllefen. Mir mussen alleguerten Iessen an mir hunn et alleguerten gäeren, wann éist Iessen mat Léift zouberëed ass an gutt schmaacht! Um Internet fannt dir eng rieseg Collectioun un einfachen Rezepter ouni vill Opwand, wei natierlech och un schwéieren an opwännegen Rezepter, dir kënnt Iech et eraussichen!

Eis Propose: https:// www.allrecipes.com/

An hei e puer Tipps vun éiser Säit:

- D'Aan ësst mat, är Kanner hunn et gäeren wann d'Iessen gutt an lecker ausgesäit.
- KIS-Prinzip: Keep It Simple! Maacht näischt komplizéiertes oder Schwéieres , och een einfachen Croque-Monsieur kann spektakulär ausgesinn!
- Wann dir Uebst oder Geméis verschafft, dann probéiert emol et just klengzeschneiden an är Kanner opzefuerderen Gesiichter, Héiser, Emojis, etc. op engem Teller ze gestalten, dir wäert staunen!
- Encouragéiert är Kanner w.e.g. sech un einfach Hygiène's Richtlinne ze haalen, an hir Hänn propper an MAT Sëef ze wäschen, gleeft eis wann mir soën, daat widderhuelen mir immens oft :D
- Gitt den Kanner Aufgaben déi dir hinnen och zoutraut! Gitt nie engem Kand en scharft Messer, wann et net domadden emzegoën wëes, Loosst sie nie un eng Fritteuse drun, etc. Sie sinn schonn begeeschtert an zefridden mat einfachen Aufgaben, wéi Äer opschloën, Zoutaten hinzoufügen, eppes sichen goën daat dir vergiess hutt, etc. Haalt et einfach.
- Wann är Kanner eppes nach net kënnen, dann huelt Iech w.e.g. Zäit et hinnen bäizebréngen, et läit net drunn, dass äert Kand net fäheg ass eppes ze maachen, et läit just drun, dass nach nie een Erwuessnen sech richteg Zäit geholl huet him daat richteg an grëndlech ze erklären an ze weisen, d'Kanner sinn per Définitioun jonk Menschen, déi léieren Erwuessen ze ginn. Huelt Iech Zäit fir Sie w.e.g.!
- Bréngt ären Kanner w.e.g. och bei, dass sie mussen hëllefen raumen, spullen an propper maachen, et geet jo schléisslech net duer, alles knaschteg ze maachen, sie kënnen roueg der Mamm oder dem Papp hëllefen propper maachen an ze raumen.

(Dir fannt weider Ureegunge an den Fotoen)

Mir wënschen Iech een gudden Appetit an en gutt Gelengen an mir géifen éis driwwer frëeen är Kréatioune ze gesinn!

D'Equipe vun der Maison Relais Papillon


» Fotoen