Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Dir sidd net allèng... summe si mir staark!

08.04.2020

Mir sinn net eleng ... mir sinn zesummen a méi staark!

Nous ne sommes pas seuls ... nous sommes ensemble et plus forts!

Não estamos sozinhos... estamos juntos e mais fortes!

We are not alone ... we are together and stronger!




Léif Elteren, léif Kanner,

An dësen Dëeg vun physescher an sozialer Distanzéierung dierfen éis Frëndschaften an gemeinsam Beschäftegungen mat deene Léit dei mir gäeren hunn, net ze kuer kommen.

Zesumme sinn mir staark an mir encouragéieren Iech gäeren eng virtuel Gemeinschaft ze erschaafen.

Wéi kënnt dir daat maachen?

T'ass ganz einfach...


Schéckt éis eng Foto, en Video mat enger Botschaft fir är Frënn an Frënndinne, Kollegen an Elteren, sou dass sie eppes vun Iech héieren a gesinn an domadden wëssen, dass et Iech gutt geet.

D'Material, daat dir éis eranschéckt, publizéieren mir dann op éisem Internetsite, wou dir et dann och gesinn kënnt an matenaaner austauschen kënnt.

Wou sollen mir daat hinschécken?

Op d'E-mail: cristina.mesquitasilvarego@sapo.pt

An wéienger Sprooch kënne mir d'Botschaft publizéieren?

An all Sprooch, an speziell an enger Sprooch wou dir äert Häerz an är Gefiller zum Ausdrock brénge kënnt.

Mir waarden op Nouvellen vun Iech!

D'Equipe vun der Maison Relais Papillon

Passt gutt op Iech op, bléift dobannen an versuergt Iech gutt!