Aktivitéiten ouni groussen Opwand
10.04.2020Léif Elteren,
héi na zwou kléng Iddien vun Aktivitéiten, déi d'Kanner och gären an der Maison Relais maën, als Iddie fir Oflenkung an ouni Material kaafen ze mussen.
- Eng Höhl bauen mat Decken, Këssen, Still, Dëscher, etc.. Der Fantasie sinn keng Grenzen gesaat an d'Kanner zeihen sëch erfahrungsgemäss gären esou zëréck an déi Höhl bidd ee weideren Spillraum fir hir Spillereien an Fantasie. An wann dir nofrot, léisst ärt Kand ierch och bestëmmt an seng Höhl.
- Verkleeden, Modenschau: Dofir braucht dir weider näischt ewéi Zougang op de Kleederschaff. Bidd äre Kanner wann dir wëllt och Kleeder vun ierch un, leet hinnen hir Fues-/Halloweenkostümer eraus. Och héi kënnen d'Kanner sëch super amüséiren an wann dir Zäit an Iddie hutt, kënnt dir mat hinnen spillen an beispillsweis eng Modenschau starten.
Vill Spaass beim Ëmsetzen an ee flotten Ausklang vun der Woch
ärt Cycle 1 Team (Robin Hood an Peter Pan)