Infos parents
Kalenner
Neiegkeeten
- Bei de Fliedermais
Précoce Maison Relais
Léif Elteren,
dës Woch hu mir eng flott an ofwiesslungsräich Zäit an der Maison Relais verbruecht. Mir hu zesumme verschidde Gesellschaftsspiller gespillt, bei deenen d’Kanner vill Freed haten a spillerech d’Zesummeliewen an d’Reegelen geüübt hunn.
Bei guddem Wieder ware mir baussen am Haff, wou d’Kanner sech fräi beweege konnten, gespillt a sech ausgetob hunn. Ganz kreativ gouf et bei eiser Bastelaktivitéit, bei där d’Kanner mat vill Begeeschterung gebastelt hunn.
E besonnesche Moment war eis gemeinsam Tea Time, wou mir an enger roueger Atmosphär zesumme gesiess hunn. Ausserdeem hu mir vill Geschichten erzielt a virgelies, déi d’Fantasie vun de Kanner ureegt hunn.
- Bei de Fliedermais
Précoce Maison Relais
Léif Elteren,
mir hu mat de Kanner weider un eisem Déiereprojet geschafft. D’Kanner hu Dschungel-Déieren kennegeléiert a passend dozou Masken gebastelt. E grousse Highlight war de sportlechen Ausfluch an der Lasep. Ausserdeem hu d’Kanner vill mateneen gespillt a flott Momenter zesumme verbruecht.
Mir wënschen Iech vill Spaass beim Fotoe kucken.
- Bei de Fliedermais
Liesstonn an der Maison Relais bei de Fliedermais
Léif Elteren,
Mir wëlle geschwënn e Lieseprojet an Maison Relais starten a wiere ganz frou, wann Dir eis dobäi hëllefe kënnt!
D’Kanner sollen duerch virgeliesene Geschichten a gemeinsam Erzielungen d’Freed un Bicher entdecken – och wann si nach net selwer liese kënnen.
Wann Dir Loscht hutt, eng kleng Geschicht virzeliesen, géife mir eis ganz vill freeën. All Hëllef mécht eise Lieseprojet nach méi spannend a faarweg!
Villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung – mir freeën eis op vill kleng Aventuren tëscht de Säiten!
Léif Gréiss,
Equipe Maison Relais bei de Fliedermais Précoce & Spillschoul
- Bei de Fliedermais
Précoce Maison Relais
Léif Elteren,
Dës Woch hu mir vill flott Aktivitéiten zesumme mat Äre Kanner erlieft an der Maison Relais!
Hei sinn d’Fotoe vun der Woch. Schéinen Dag an e ganz schéine Weekend gewënscht!
- Bei de Fliedermais
E Beemchen voller Kreativitéit
Léif Elteren,
Är Kanner hunn an de leschten Deeg mat vill Freed a Kreativitéit schéin Dännebeemchendekor gebastelt.
Eis Dännebeemchen ass elo mat hiren selwergemaachten Dekoratiounen geschmückt an et gesäit wierklech wonnerschéin aus!
D’Beemchen steet am Entrée vun der Maison Relais, sou datt Dir et zesumme mat Äre Kanner bewonnere kënnt.
Léif Gréiss,
Equipe Spillschoul an Précoce „Maison Relais bei de Fliedermais“
