Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Studio et Radio Babbel


Musek ass ganz wichteg fir d'Kanner, Musek huet mat Ausdrock ze dinn. Mat dëser Iddi as den internen Projet Radio Babbel entstanen.

Mat Hëllef vun e puer Educateuren, déi déi néideg Ausrüstung besoutzen, konnt de Projet mat Hëllef an Ënnerstëtzung vun der Escher Gemeng op d'Been gestallt ginn.

De Projet "Radio Babbel" as entstaan a gëtt Méindes (13h00 - 13h45) an Donneschdes (13h00 - 14h00) live am Bild an Toun um Internet iwwerdroen op www. .esch.tv .

D'Emissioun gëtt vun 2 Educateuren geleet, all Sendung enthält 5-8 Kanner (plus e Publikum), déi hëllefe kënnen de Verlaf vun der Emissioun ze bestëmmen, Playlists erstellen, iwwer populär Themen diskutéieren, déi lescht Neiegkeeten aus der Maison Relais a Concoursen fir hier Nolauschterer annoncéieren. Déi ganz Soundtechnologie souwéi d'Kontroll vun de Kameraen an de Radiotelefon gëtt och vun de Kanner geleed.

D'Kanner kreéieren/entwéckelen Slogans a Reklammen, déi tëscht de Lidder gespillt ginn.

Radio Babbel ass wéi follegt zesummegesat:

  • 2 Tonne Techniker
  • 2 Video Techniker
  • 4 Moderatoren
  • 2 Educateuren (Technik a Moderatioun)