Infos parents
Kalenner
Zum KalennerNeiegkeeten
- Bei de Fliedermais Brouch
E flotten Dag op der Äispist an der Kockelscheier ❄️
Mir hunn e flotte Moment op der Äispist an der Kockelscheier verbruecht! ⛸️
- Bei de Fliedermais
Grupp Précoce Maison Relais bei de Fliedermais
Dës Woch hate mir nees vill flott Momenter zesumme mat de Kanner!
Mir hunn e spannende Beweegungsparcours gemaach, bei deem d’Kanner sech austoben an hir motoresch Fäegkeete verbessere konnten.
Zesumme hu mir lecker Crêpes gebak, wat de Kanner vill Freed gemaach huet. Natierlech hu mir och kreativ Halloween-Masken gebastelt an dekoréiert.
Nieft dësen Aktivitéiten hu mir vill zesumme gespillt, gelaacht a schéi Momenter gedeelt.
- Bei de Fliedermais
Précoce Projet „Komm mat op eis Lëtzebuergesch Rees!“
Léif Elteren,
Mir starten an der Maison Relais en neie Projet mat den Kanner „Komm mat op eis Lëtzebuergesch Rees!“ fir dësen Trimester.
Duerch spilleresch Aktivitéite léieren d’Kanner d’Lëtzebuerger Sprooch kennen. Mir wäerten zesumme sangen, Geschichten erzielen, Billerkaarten entdecken a kleng Sproochspiller maachen.
Mir léieren zum Beispill:
- Begréissungen ewéi „Moien“ an „Äddi“
- Héiflechkeetswierder ewéi „w.e.g.“ a „Merci“
- Faarwen a Formen
- Gefiller ewéi „frou“, „traureg“ a „rosen“
- Einfach Wierder aus dem Alldag, wéi Spillsaachen, Iessen an Déieren
D’Kanner kënnen an hirem eegenen Tempo léieren. D’Zil ass et, hire Wuertschatz ze erweideren, d’Kommunikatioun ze fërderen an d’Freed un der Lëtzebuerger Sprooch ze stäerken.
Mir freeën eis op dës flott gemeinsam Sproochrees mat de Kanner!
Äert Maison-Relais-PrécoceTeam
- Bei de Fliedermais
Grupp Précoce Maison Relais bei de Fliedermais
Dës Woch hu mir zesumme mat de Kanner vill flott Momenter erlieft. E besonneschen Highlight war eise Spadséiergang am Bësch! D’Kanner konnten d’Natur entdecken, déi frësch Loft genéissen an déi vill spannend Saachen am Bësch beobachten.
Nieft dësem flotten Erliefnes hu mir och vill zesumme gespillt, gelaacht an Zäit mateneen verbruecht. Et war schéin ze gesinn, mat wéi vill Freed an Neigier d’Kanner d’Welt ronderëm sech entdecken.
- Bei de Fliedermais
Grupp Précoce Maison Relais bei de Fliedermais
Dës Woch hu mir nees vill flott Momenter zesummen erlieft! D’Kanner hu mat vill Freed e klenge Pappendagskaddo gebastelt a kreativ geschafft. Mir hunn och d’Welt vun de Faarwen entdeckt an eis mat verschiddene Faarwen a spillereschen Aktivitéite beschäftegt.
Natierlech koum och de Spaass net ze kuerz, Mir hu vill zesumme gespillt, gelaacht an flott Momenter matenee verbruecht.
Mir wënschen Iech e schéine Weekend a freeën eis op eng nei spannend Woch mat de Kanner!
- Bei de Fliedermais
Grupp Précoce Maison Relais bei de Fliedermais
Eise Wochenréckbléck
Dës Woch hu mir erëm vill schéi Momenter zesummen erlieft.
Mir hunn zesummen lecker Crêpe gemaach an natierlech och probéiert. Ausserdeem hu mir Déieren vum Bauerenhaff kennegeléiert an dobäi vill Neies entdeckt.
Mir hunn et eis och gemittlech gemaach an verschidde Bicher gekuckt. Natierlech dierft och dat gemeinsamt Spillen a Lachen net feelen.
Et war eng flott an ofwiesslungsräich Woch voller klengen Entdeckungen, gemeinsamen Erfarungen a vill Freed!
