Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Butzeneck


Am C1 Beräich sinn 3 Klassesäll, 1 Sieste Raum fir d'C1 Kanner, 1 Zwëschenraum fir d'Enseignanten an d'Educateuren, 1 Montessori Raum an eng C1 Toilette. Dës Räim an Materialien kënnen mir and d'Schoulpersonal zësummen fir d'Kanner benotzen.

 

Well mir am C1 Beräich keng Funktiounsräim hunn, hu mir eis iwwerluecht verschidde Funktionnell Trolleys, mat ënnerschiddleche Funktiounsberäicher, ze kréeieren (Roll- an Theaterspill, Bau- an Werkspill, Baakberäich, asw.) Dës funktionell Trolleys sinn dann mat verschiddene Kannermaterial equipéiert, wéi: Telleren, Taasen, verschidde Liewensmëttel, Poppen, Poppekleeder, Holzplacken, Spillautoen, asw. All eis funktionell Trolleys sinn am Sieste Raum. Folgendes steet den Kanner och am Sieste Raum zur Verfügung:

  • Gemittlechen Eck mat Decken, Këssen a kuscheleg Plüschdéieren
  • Mini Bibliothéik
  • Kanner Kostümer an Accessoiren
  • Emotiounskëssen
  • Bewegungsspiller (Parcours Materialien)
  • Grouss Regaler mat Brietspiller, Puzzel, Lagerung vu verschiddene Materialien, asw.

Am Zwëschenraum sinn eis Bastermaterialien an grousse Regaler gelagert.

Nom Mëttegiessen hunn d'Kanner vum Cycle 0.0 d'Méiglechkeet am Sieste Raum ze schlofen, awer nëmmen wann d'Kanner d'Bedierfnes fillen ze schlofen oder ze raschten.

Déi aner Kanner kënnen un enger ugebuedener Aktivitéit oder engem Projet deelhuelen oder sech fir d'fräit Spill an den Ecker mat de verschiddene funktionelle Trolleys entscheeden. Wann d'Wieder gutt ass, profitéiere mir dovu d'Aktivitéiten dobausse mat den Kanner ze machen.

Wann d'Kanner vun hiren Elteren ofgeholl ginn, kréien d'Eltere en Feedback iwwert den Alldag, d'Aktivitéiten an d'Wuelbefannen vun de Kanner.