Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Stage


Den "Stage" ass e ganz aktiven wei och kreativen Raum. Am Stage kënnen d’Kanner danzen an och Theaterstécker virféieren. An dësem Sall hunn mir Dëscher zur Verfügung déi d'Kanner benotzen kënnen fir sech ze schminken an d'Neel ze fierwen. En klengen Eck wou si sech geigenseiteg kennen Frisuren maachen gëtt et och.

D’Kanner kënnen an dësem Sall an verschidden Rollen iwwergoen an sech an hirer Kreativitéit entfalen. Mir schaffen no Themen an dësem Sall d.h. mir proposéieren den Kanner verschidden Kleeder déi si undoen kënnen, esou schlüpfen si an verschidden Perséinlechkeeten.

Mir hunn och eng Bühn mat Luuchten an engem Rideau deen een zou zéien kann, esou hunn mir d’Méiglechkeet eis Theaterstécker, Choreos sou wéi och Talentshows virzestellen. Musek esou wei Mikroen hunn mir och zur Verfügung.

Mir hunn och nach en Style Eck fir d’Kanner. An deem Eck hunn d’Kanner Bitzmaschinnen déi si benotzen kënnen fir al Kleeder emzebitzen. Aus alen Kleeder kënnen si hir eegen Kreatiounen bitzen. Aus al gett nei.