Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Atelier


Den « Atelier » ass e ganz aktiven an kreativen Raum. Am “Atelier” kennen d’Kanner sech, am Kniwweleck, Baueck oder am Bitzeck beschäftegen. Des Ecker gi den Kanner d’Méiglechkeet hier Kreativitéit fräien lafen ze loossen.

 

Beim Kniwweleck hunn d’Kanner ganz verschidden recycléiert Material déi si benotzen kënnen. Mat dësem Material kennen si eppes kreativ duerstellen, mee dat ouni Pesch. Anhand vun dësem Eck leieren d’Kanner och, dass en net emmer Saachen kaafen muss fir ze bastelen, mee dass mat Alldaagsmaterial och vill verschidden Saachen gemaach kennen gi. Dat sinn och Punkten déi zum Konzept vum Kniwweleck dozou gehéieren.

 

Eisen klengen Bitzeck gëtt eisen Kanner d’Méiglechkeet vun alem Stoff eppes Neies ze entwerfen, sou leieren si, dass een net just nei Saachen brauch fir eppes schéines ze maachen, wat fir eis Ëmwelt wichteg ass. An dësem Eck hunn si Bitzmaschinnen, wei och aner Bitzmaterial (Bitznolen, Fuedem, verschidden Stoffer,…) zur Verfügung.


Am Baueck hun Kanner d'Meiglechkeet sech handwierklech auszetooben. An desem Eck fannen sie alles waat se brauchen fir kennen mat Holz, Metall oder aneren Materialien zeschaffen. Un der Mauer henkt eng grouss Wierkwand wou Kanner vum Hummer, Holzsäen bis Schrauwenzeiher an Zangen alles fannen waat sie brauchen fir hei schaffen ze kennen. An desem Eck gin just gezielten Aktivitéiten ugebueden an emmer ennert Opsiicht vun engem Erzeiher, Secherheet geet fir.
Kanner kennen dann nodeems sie eng Skizz opgesaat hun, hirer Kreativitéit fraien Laaf loosen.