
Allerhellegevakanz (Précoce Grupp)
06.11.2026Dës Woch hu mir nees vill flott Momenter zesumme verbruecht! Wann d’Wieder et zougelooss huet, si mir moies mat de Kanner erausgaangen, fir frësch Loft ze tanken an zesummen ze spillen.
Ausserdeem hu mir vill gebastelt an eis kreativ mat engem Halloween-Thema beschäftegt. Mir hunn och schonn déi éischt Virbereedunge fir eis Chrëschtdekoratioun an der Maison Relais gemaach.
Nieft all de kreativen Aktivitéiten haten d’Kanner och vill Freed dorun, mateneen ze spillen, zesummen z’entdecken an flott Momenter ze deelen.
» Fotoen
