
Grupp Précoce Maison Relais bei de Fliedermais
13.11.2026Dës Woch hate mir nees vill flott Momenter zesummen!
Mir hunn vill zesumme gespillt, eis nei Montessori-Spillsaachen ausprobéiert an dobäi vill entdeckt. Ausserdeem hu mir d’Bauerenhaafdéieren op Lëtzebuergesch kennegeléiert.
Mir waren och kreativ: d’Kanner hunn flott Biller gemoolt an hir eege faarweg Bracelete gebastelt.
Et war eng schéin a flott Woch mat vill Spaass, Kreativitéit an neien Entdeckungen!
» Fotoen
