Kalenner
Zum KalennerNeiegkeeten
- Breedewee
Papillon HighlanderKolonie zu Ënsber
Kannerkolonie, en flott Erliefniss, eng kleng Vakanz ouni Elteren, ouni Hausaufgaben an firun allem ouni Stress. En klengen Grupp huet sech fonnt an Kanner hunn nei Frennschaften geschloss. Vun Lagerfeier, bis Schemm, bis Sënnesraisch fir all Gout waren flott pedagogesch Aktiviteiten ungebueden, suguer een Geburtsdaag vun engem Kand konnten mir zesummen zu Ënsber feieren. - Highlander
Kleine Snacks, grosser Spaass am Ellergronn
Mir waren en ganzen Mëtten am Ellergronn an hun Stockbrot an Marshmallow's gegrillt nodems all Kand sein Bengel geschnitzt huet. En riesen Spaass haten mir dobei an Wieder huet och zu eisem groussen Gléck matgespillt. - Highlander
Parc Merveilleux
Haut waren mir am Parc Merveilleux zu Bettebuerg an hun vill schéin Deieren gesinn an sinn niewenbei och nach en klengen Tour mam neien CFL Zuch am Parc niewend den Flamingos gefuer. - Highlander
Schëff Roude Léiw
Mir sin fir eng flott Woch ofzeschleissen en klengen Tour mam Schëff zu Reimech gefuer. Mat dem gudden Wieder ass direkt Vakanzenfeeling opkomm. - Highlander
Baggerwéier
Flotten Daach mat Stand up Paddle, Booter an vill vill Sonn zu Remerschen op den Baggerwéieren - Highlander
Veianer Schlass
En Dennschten waren mir op Besuch zu Veianen am Schlass, do haten mir en Audio-Guide an hun vill neies geleiert an vill schéin Impressiounen gesammelt. Leider hunn mir och vill Schued um Wee fir dohinner gesin dei d'Iwerschwemmungen verursaacht hunn. Mir wënschen den betraffenen Famillen vill Courage an Kraaft
