Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Infos parents

Kalenner

Zum Kalenner

Neiegkeeten

  • Bei de Fliedermais

    Grupp Précoce Maison Relais bei de Fliedermais

    Dës Woch stoung ganz am Zeeche vun de Kannerrechter. D’Kanner hunn duerch verschidde flott a spilleresch Aktivitéite méi iwwer hir Rechter geléiert. Dobäi hu mir passend Aktivitéiten zu verschiddene Kannerrechter gemaach an dës zesummen entdeckt.

    Nieft dësem Thema hu mir och zesumme lecker Crêpe gebak.

    Am Kader vun eisem Projet „Komm mat op eis Lëtzebuergesch Rees!“ hu mir dës Woch eis Famill kennengeléiert. D’Kanner konnten nei Wierder wéi Mama, Papa, Bopa, Boma, Brudder a Schwëster entdecken a léieren.

    Et war eng flott an ofwiesslungsräich Woch mat villen neien Erfarungen, gemeinsame Momenter a klenge Léierméiglechkeeten.


  • Bei de Fliedermais

    D’Woch vun de Kannerrechter

    Léif Elteren,

    Dës Woch steet ganz am Zeeche vun de Kannerrechter! Am Laf vun der Woch bidde mir de Kanner verschidden Aktivitéiten zu dësem Thema un, fir hinnen hir Rechter op eng spilleresch an altersgerecht Aart a Weis méi no ze bréngen.

    Fir dës Woch ofzeschléissen, organiséiere mir e bloen Dag den Freideg, den 20. November 2026.

    Well Blo d’Symbolfaarf vun dësem Dag ass, invitéiere mir Iech an Är Kanner, deen Dag blo ugedoen an d’Maison Relais ze kommen!

    Villmools Merci fir Är Participatioun an Är Ënnerstëtzung!

    D’Équipe Maison Relais bei de Fliedermais


  • Bei de Fliedermais

    D‘Woch vun de Kannerrechter

    D’Woch vun de Kannerrechter

    Léif Elteren,

    dës Woch steet ganz am Zeeche vun de Kannerrechter!

    Während der ganzer Woch wäerte mir all Dag eng passend Aktivitéit mat de Kanner maachen, fir all Dag en anert Kannerrecht op eng spilleresch an altersgerecht Aart a Weis ze entdecken an kennenzeléieren.

    Hei ass e klengen Abléck an eise Wochenprogramm:

    - Méindeg: Recht op Gesondheet
    - Dënschdeg: Recht op Schutz a Gewaltfräiheet
    - Mëttwoch: Recht op Spill a Fräizäit
    - Donneschdeg: Recht op Bildung
    - Freideg: Mir gestalten zesummen e Kannerrechterbam!

    Mir freeën eis drop, de Kanner dës wichteg Rechter op eng flott, kreativ a spilleresch Manéier méi no ze bréngen.

    Well all Kand Rechter huet an all Stëmm zielt!

    Équipp Précoce (Maison Relais bei de Fliedermais)


  • Bei de Fliedermais

    Grupp Précoce Maison Relais bei de Fliedermais

    Dës Woch hate mir nees vill flott Momenter zesummen!

    Mir hunn vill zesumme gespillt, eis nei Montessori-Spillsaachen ausprobéiert an dobäi vill entdeckt. Ausserdeem hu mir d’Bauerenhaafdéieren op Lëtzebuergesch kennegeléiert.

    Mir waren och kreativ: d’Kanner hunn flott Biller gemoolt an hir eege faarweg Bracelete gebastelt.

    Et war eng schéin a flott Woch mat vill Spaass, Kreativitéit an neien Entdeckungen!


  • Bei de Fliedermais Brouch

    Eis Allerhellegevakanz

    Woch vun eiser Allerhellegevakanz ass schonn eriwwer! Eng flott Woch voller schéine Momenter, Spaass, Laachen a villen Erënnerungen. ✨

    Hei e klenge Réckbléck op eis éischt Vakanzewoch!


  • Bei de Fliedermais

    Allerhellegevakanz (Précoce Grupp)

    Dës Woch hu mir nees vill flott Momenter zesumme verbruecht! Wann d’Wieder et zougelooss huet, si mir moies mat de Kanner erausgaangen, fir frësch Loft ze tanken an zesummen ze spillen.

    Ausserdeem hu mir vill gebastelt an eis kreativ mat engem Halloween-Thema beschäftegt. Mir hunn och schonn déi éischt Virbereedunge fir eis Chrëschtdekoratioun an der Maison Relais gemaach.

    Nieft all de kreativen Aktivitéiten haten d’Kanner och vill Freed dorun, mateneen ze spillen, zesummen z’entdecken an flott Momenter ze deelen.


Nächst Lescht