Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Restaurant


De Restaurant, och nach "Atelier Resto" genannt, läit um Rez-de-Chaussée vun eiser Maison Relais.
Hei kënnen d'Kanner sech um ofwiesslungsräiche Iessbuffet hëllefen. D’Educateuren suergen dofir, datt all Kand e waarmt Iessen kritt.
De Schwéierpunkt vun dësem "Atelier" läit also um Iessen.
D'Kanner kënnen ongezwongen un engem vun de fënnef Dëscher iessen a kënnen selwer entscheeden, niewend wéi engem anere Kand oder Erzéier si gären sëtzen géifen. D'fräi Plazwahl erlaabt de Kanner en aktiv Partizipatioun um egenen Handelen (keng Selbstbestëmmung vun engem Erzéier).
 
Aner Aspekter vum Restaurant sinn:
  • D'Gruppengefill stäerken 
  • Internalizéierung vun Dësch Manéieren
  • Méiglech nei Platen / Liewensmëttel kennenléieren
  • En equilibréiert Iessen as gesuergt