Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Eis Projeten fir d'Schouljoer 2026/2027

16.10.2026

An der Maison Relais leeë mir vill Wäert op d’Entwécklung, d’Wuelbefannen an d’perséinlech Entfalung vun de Kanner. Am Laf vum Schouljoer 2026–2027 bidde mir verschidde pädagogesch, kreativ, sportlech a kulturell Projeten un, déi de Kanner d’Méiglechkeet ginn, nei Aktivitéiten ze entdecken, hir Talenter ze entwéckelen a wäertvoll Erfarungen ze sammelen.

Eis 12 Projeten hunn d’Zil, d’Selbststännegkeet, d’Kreativitéit, d’Zesummenaarbecht an d’Selbstvertrauen vun de Kanner ze stäerken. Dobäi respektéiere mir d’Interessen, d’Bedierfnesser an den individuelle Rhythmus vun all Kand.

Duerch dës Projeten encouragéiere mir d’Kanner, aktiv matzemaachen, hir Iddien anzebréngen a gemeinsam mat aneren ze léieren. Esou schafe mir e positivt a stimuléierend Ëmfeld, an deem all Kand sech wuel fillen an entfalen kann.

Entdeckt hei eis 12 Projeten, déi dëst Schouljoer an eiser Maison Relais op de Programm stinn!



Eis 12 Projeten

1. Dance it out - Danzprojet

Am Danzprojet entdecken d’Kanner d’Freed um Danz an un der Beweegung. Si kënnen hir Gefiller duerch Beweegungen ausdrécken an gläichzäiteg bereeden d'Kanner sech fir den DanceEsch 2027 vir. Och hir Koordinatioun an hiert Rhythmusgefill entwéckelen sie. Gläichzäiteg léiere si sech als Grupp ze beweegen a gewannen u Selbstvertrauen.

2. Yogaprojet – Rou a Gläichgewiicht

De Yogaprojet bitt de Kanner d’Méiglechkeet, sech ze entspanen an hire Kierper méi bewosst wouerzehuelen. Mat Hëllef vu spillereschen Übungen, Yoga-Positiounen an Ootmungstechnike léiere si, op sech selwer ze lauschteren an e Gläichgewiicht tëscht Beweegung a Rou ze fannen.

3. Space C4 – E Raum fir de Cycle 4

De Projet Space C4 riicht sech exklusiv un d’Kanner aus dem Cycle 4. Dëse Projet bitt hinnen e Raum, deen op hiren Alter, hir Interessen an hir Bedierfnesser zougeschnidden ass. Am Mëttelpunkt stinn d'Selbststännegkeet, d'Eigeninitiativ, de Respekt an d’Matbestëmmung. D’Kanner kréien d’Méiglechkeet, hir Iddien anzebréngen, Verantwortung ze iwwerhuelen an d’Liewe vun der Maison Relais aktiv matzegestalten.

4. Beweeg dech – Aktiv a voller Energie

Mam Projet Beweeg dech gi mir de Kanner d’Méiglechkeet, sech auszetoen, aktiv ze sinn an d’Freed un der kierperlecher Beweegung ze entdecken. Duerch verschidde Bewegungsspiller a sportlech Aktivitéite stäerke si hir Motorik, hir Koordinatioun an hiren Teamgeescht. Dobäi stinn de Spaass an d’Zesummesinn am Mëttelpunkt.

5. Bitzprojet – Kreativitéit mat Nol a Fuedem

Am Bitzprojet kënnen d’Kanner d’Welt vum Bitzen entdecken an hir eege kreativ Iddien ëmsetzen. Si léieren, mat verschiddene Materialien ëmzegoen an hir eege kleng Kreatiounen ze gestalten. Dobäi gi virun allem hir Feinmotorik, hir Konzentratioun, hir Gedold an hir Kreativitéit gefërdert.

6. Kannercomité – D’Stëmm vun de Kanner

Am Kannercomité kréien d’Kanner d’Méiglechkeet, hir Meenungen, Wënsch an Iddien auszedrécken an aktiv um Alldag vun der Maison Relais matzewierken. Si léieren, sech géigesäiteg nozelauschteren, verschidde Meenungen ze respektéieren a gemeinsam Léisungen ze fannen. Sou erliewe si, datt hir Stëmm wichteg ass an datt si hiert Ëmfeld matgestalte kënnen.

7. Gefillsrees – Eng Rees duerch eis Emotiounen

D’Gefillsrees hëlleft de Kanner, hir eege Gefiller besser kennenzeléieren an ze verstoen. Duerch verschidden Aktivitéiten entdecken si, wéi si hir Emotiounen erkennen, ausdrécken an domat ëmgoe kënnen. Gläichzäiteg léiere si, d’Gefiller vun aneren ze respektéieren an Empathie ze entwéckelen. Dëst stäerkt dat géigesäitegt Versteesdemech an en harmonescht Zesummeliewen.

8. Museksprojet – Musek erliewen an entdecken

Am Museksprojet entdecken d’Kanner d’Welt vun de Kläng, de Rhythmen, de Lidder an de Museksinstrumenter. Si kënnen experimentéieren, sangen, lauschteren an zesumme Musek maachen. De Projet fërdert d’Kreativitéit, d’musikalescht Gefill an den individuellen Ausdrock. Gläichzäiteg léieren d’Kanner, openeen opzepassen an als Grupp zesummenzeschaffen.

9. Projet Kids – Entdecken, ausprobéieren a matmaachen

De Projet Kids bitt de Kanner eng Villfalt u flotten an erliefnesräichen Aktivitéiten. Si kënnen nei Saachen entdecken, hir Interessen ausliewen an hir Fäegkeeten op eng spilleresch Aart a Weis entwéckelen. D’Kanner ginn encouragéiert, aktiv matzemaachen, hir Iddien anzebréngen an nei Erfarungen ze sammelen.

10. Kannerzeitung – Mir schreiwen eis eege Zeitung

Bei der Kannerzeitung kënnen d’Kanner hir eege Geschichten erzielen an hir Iddien mat aneren deelen. Si hunn d’Méiglechkeet, Themen erauszesichen, Texter ze schreiwen, Interviewen ze maachen, Fotoen ze huelen oder hir Artikele kreativ ze gestalten. De Projet fërdert d’Schreiffäegkeet, d’Kreativitéit, dat kritescht Denken an d’Zesummenaarbecht. Dobäi steet d’Stëmm vun de Kanner am Mëttelpunkt.

11. Crochet Projet – Kreativ mat Woll a Fuedem

Am Crochet Projet entdecken d’Kanner d’Handwierk vum Hekelen a kënnen hir eege kleng Kreatioune gestalten. Mat Woll, Fuedem an enger Hekelnol entstinn individuell Wierker, op déi d’Kanner houfreg kënne sinn. Dës Aktivitéit fërdert d’Feinmotorik, d’Konzentratioun, d’Gedold an d’Kreativitéit. All Kand kann a sengem eegenen Tempo schaffen an nei Fäegkeeten entdecken.

12. Baackprojet – Kreativ sinn a selwer maachen

De Baackprojet gëtt de Kanner d’Méiglechkeet, praktesch a kreativ Aktivitéiten z’entdecken an hir eegen Iddien ëmzesetzen. Si kënnen ausprobéieren, experimentéieren an nei Saache léieren. Dobäi ginn d'Selbststännegkeet, d'Fantasie an d'Zesummenaarbecht gefërdert. Am Mëttelpunkt stinn d’Freed um Maachen an de Stolz op dat, wat si selwer oder zesumme mat aneren erschafen.