Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Kleng Feiermeeschteren am Ellergron!

19.11.2026

Ënner fachkënneger Uleedung hunn d’Kanner geléiert, wéi ee mat einfache Mëttelen e Feier ufänke kann. Mat vill Gedold, Konzentratioun a Geschéck hu si sech dru gemaach, mat Feierstahl an Zunder kleng Funken ze produzéieren.



Dat war guer net esou einfach! Mee eis kleng Entdecker hunn net opginn. Si hu fläisseg probéiert, sech géigesäiteg gehollef a sech iwwer all klenge Funke gefreet. ✨

Dobäi hunn d’Kanner net nëmme geléiert, wéi e Feier entsteet, mee och, wéi wichteg et ass, virsiichteg a verantwortungsbewosst mam Feier ëmzegoen.

Duerch dat praktescht Ausprobéiere konnten si hir Geschécklechkeet, hir Ausdauer an hiert Selbstvertrauen stäerken.

Et war eng flott Naturerfarung, bei där d’Léieren, d’Entdecken an de Spaass am Mëttelpunkt stoungen.

No zwou erliefnesräiche Stonne si mir mat ville schéinen Andréck an neiem Wëssen heemgaangen.




» Fotoen