Kreativ
De Kreativ- a Konschtatelier läit um ieweschten Stack vun eiser Maison Relais a konzentréiert sech op Bastelen.
D'Kanner kréien d'Méiglechkeet sech artistesch auszedrécken andeems se eppes kreéieren a kucken wat se mat hiren Hänn a Kreativitéit erreechen kënnen.
D'Kanner sollen sech kreativ entwéckelen kënnen an hirer Fantasie keng Grenze sëtzen.
E puer Materialien aus dësem Atelier sinn:
- Faarwen (Bläistëfter, Filzstëfter, Aquarelle, Gouache, asw.)
- Schéieren, Päsch, Gummi, Linealer, asw.
- All Zorte vu Pabeier a verschiddene Gréissten, Faarwen a Musteren
- Bicher Eck mat Handwierks Iddien a Faarf Schablounen
- Lehm, Fimo, Ton, etc.
- Knäppercher, Fiederen, Glacken, Glitzer, Perlen, dekorativ Diamanten, asw.