Mediensall
De Mediesall befënnt sech um éischte Stack, direkt op der rietser Säit bei der Entrée C.De Raum ass hell a grouss. D'Mauere si wäiss ugestrach a suerge fir eng frëndlech an agreabel Atmosphär. Am Raum stinn zwee grouss Dëscher mat Still, eng Tëlee, zwee Computeren, e Liichtdësch an e Regal mat Bicher a Gesellschaftsspiller.
Fir de Raum méi gemittlech a kandgerecht ze gestalten, goufen en Teppech, e puer Sëtzkëssen a Studiolampen dobäigesat. Doduerch entsteet e gemittlechen Eck, wou d'Kanner zesumme spille kënnen, Bicher liesen oder sech entspanen. D'Studiolampe suerge fir eng agreabel Beliichtung an eng roueg Atmosphär.
Am Mediesall hunn d'Kanner verschidde Méiglechkeeten, sech ze beschäftegen. Si kënne Gesellschaftsspiller wéi UNO, Memory, Dobble oder Mensch ärgere Dich nicht spillen. Ausserdeem kënne si puzzelen, molen, bastelen, Bicher ukucken oder sechgéigesäiteg Geschichten erzielen. Och Rotspiller, Pantomim a Léierspiller um Computer si méiglech.
Duerch dës verschidden Aktivitéite ginn d'Kreativitéit, d'Konzentratioun, d'Selbststännegkeet an dat soziaalt Zesummeliewe vun de Kanner gefërdert. Déi nei Raumgestaltung bitt de Kanner eng agreabel Plaz, wou si zesumme spille, léieren a sech entspane kënnen.


