Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Infos parents

Kalenner

Zum Kalenner

Neiegkeeten

  • Papillon

    Aktivitéit: Schatzsich am Gaart (Maison Relais Papillon)

    D'Natur,

    Mat den Kanner eng Schatzsuche maachen am Gaart. D'Kanner sichen mat Hëllef Naturmaterialie, wei der an der Foto (enner dem Link "Fotoen") fannen kënnt.

    Alternativ kënnt dir och Fotoen vu verschiddene Insekte, Blummen, Villercher, Bëem, Blieder, etc. maachen. (mat ärem Fotoapparat, ärem Smartphone, ärem Tablet, ärem Nintendo 3DS,...)


  • Papillon

    Är Iddi, är Porpose, är Kommentarer, etc. (Maison Relais Papillon)

    Léif Elteren, léif Kanner,

    Hudd dir Iddien fir Aktivitéiten? Hudd dir Proposen fir eis? Hudd dir Korrekturvirschléih? Hudd dir Froën? Wëllt dir gäeren mei wëssen, wei mir mat äeren Kanner schaffen bei Aktivitéiten? Wëllt dir einfach mat eis schwätzen? Wellt dir een Encouragement vun eis? Wellt dir Iech geigensäiteg encouragéieren? Wellt dir är eegen Aktivitéit filmen an mat ären Frënn an Frënndinnen deelen?...

  • Papillon

    Aktivitéit: Bodyweight Training (Maison Relais Papillon)

    Léif Elteren an léif Kanner,

    Sport ass wichteg, daat wëssen mir all, et hëlleft eis gesond ze bleiwen, eis Energie lass ze ginn, mir ginn mei kräfteg, mir kréien mei Konditioun,... Mëe grad elo ass Sport immens wichteg mam Virus an mat der Quarantän. Et hält eis gesond, eist Immunsystem aktiv, eis Moral an der Luucht an mir fillen eis einfach besser.

  • Papillon

    En klénge Message vun der Equip (Maison Relais Papillon)

    Léif Elteren an Kanner,

    D'Ouschtervakanz huet ugefaangen an mat dësen ongewéinlechen Zäiten wéillten mir Iech gäeren matdeelen, dass mir alleguerten un Iech, Elteren wéi Kanner, denken an mir hoffen ärt Laachen an är Frëed ginn Iech Kraaft an droën Iech erfollegräich duerch dës Challenge.

    Mir als Equipe wëllen Iech och matdeelen, dass mir weiderhin alleguerten fir Iech do sin, sollt dir eis brauchen. Dir kënnt eis zur Kontaktopnahm oder bei Froën dofir eng E-mail schécken, op d'Adress: cristina.mesquitasilvarego@villeesch.lu

    Vue-que dass mir eis net découragéieren loossen, an Iech net am Stach loossen, setzen mir als Equipe vun der Maison Relais Papillon all Dag eng néi Aktivitéit op dësen Site fir Iech. Mir versichen Iech Aktivitéiten ze proposéieren, dei dir Doheem, ouni vill Arbëscht, Firbereedung an Materialopwand mat ären Kanner maachen kënnt. Mir géifen eis och frëeen, wann dir eis een klengen Message, een klengen Video oder eng kleng Photo vun ärer Aktivitéit géift schécken per E-mail.

    Aktivitéiten Doheem... ja, maacht är Aktivitéiten w.e.g. dobannen respektiv an ärem Gaart oder op ärem Balkon an respektéiert w.e.g. sou gutt wei méiglech d'Riichtlinnen vun eiser Regierung. Et wichteg, dass mir alleguerten gutt op eis oppassen an gesond bleiwen.

    Mir waarden gespaant op Néiegkeeten vun Iech!

    Equipe vun der Maison Relais Papillon

  • Papillon

    Den Sproch vun der Woch

    Den Sproch vun dëser Woch ass:


    (ENG) People will always have something to say. (Two people on donkey's back. Poor animal. / How cruel he is by letting his wife walk. / How stupid he is by letting his wife take the ride alone? / Fools! Don't even know how to utilize a donkey.)

    (LU) D'Léit hunn ëmmer eppes ze soën. Et kann een et nie jidferengem Recht maachen. (Zwou Persounen op dem Iesel sengem Réck. Dat aaremt Déier. / Wéi grausam, hien léisst seng Fra trëppelen. / Wéi domm ass hien dach, seng Fra alleng reiden ze lossen. / ****! Déi wëssen net emol wei een en Iesel benotzt.)

    (FR) Les Autres ont toujours quelque chose à dire. On ne peut jamais satisfaire tout le monde.

    (DE) Die Anderen werden immer etwas zu sagen haben, egal was du tust. (Zwei Personnen auf dem Rücken eines Esels. Armes Tier. / Wie grausam, er lässt seine Frau laufen. / Wie dumm er doch ist seine Frau alleine reiten zu lassen. / Narren! Wissen nicht einmal wie man einen Esel benutzt.)

    Maach eng Paus an denk driwwer no....

  • Papillon

    Den Sproch vun der Woch

    De Sproch vun dëser Woch ass:


    (ENG) Life doesn't get easier, you just get stronger!

    (LU) D'Liewen gëtt net méi einfach, du gëss allerdéngs méi staark!

    (FR) La vie ne devient pas plus facile, pourtant c'est toi qui devient plus fort!

    (DE) Das Leben wird nicht leichter, du wirst jedoch stetig stärker!

    Maach eng Paus an denk driwwer no!

Eischt Viregt Nächst Lescht