Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Restaurant


Am Restaurant hunn d'Kanner d'Méiglechkeet hir Iessen an enger entspaanter Atmosphär z'iessen. D'Kanner kënnen anhand vun der Magnéittafel, déi virum Sall hänkt, gesinn, wéi vill Plazen fräi sinn. Sie huelen eng Klamer an kommen an den Sall eran. D'Kanner kënnen sech um Buffet hëllefen an sech dann mat deenen anere Kanner um Dësch ënnerhalen. Hei gi se encouragéiert onofhängeg ze sinn, andeems se sech selwer fidderen an um Enn hiren Dësch botzen. D'Kanner vum C1 kréien am Ufank Hëllef beim Iessen bis se dat no an no eleng kënnen.