Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Chilleck/Snoezelraum


De Chillraum besteet momentan aus 2 Canapéë an engem Dësch mat Still. D'Kanner kënnen sech hei zréckzéien fir sech mat Frënn ze ennerhaalen oder a Rou ze spillen. An enger zweeter Phase gëtt dëse Raum e Snoezelraum. An engem Eck wert et e Sofa mat engem Rido ginn. Et werten Lava Luuchten, e Disco Ball, Massagegeräter an e Bluetooth Lautsprecher ginn. All dëst soll de Kanner hëllefen sech ze entspanen an hir Sënner ze stimuléieren.