Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Rollenspillraum


Am Rollespillraum gëtt et eng Spull an en agebaute Schaaf. Ausserdeem ass d'Rollespillfläch a verschidden Ecker opgedeelt, wéi zum Beispill Buttek, Haus mat Bett, Playmobil, Kleedungseck. D'Kanner kënnen an aner Rollen rutschen a se ausliewen. D'Spillsaachen ginn och vun Zäit zu Zäit geännert, fir datt d'Kanner ëmmer nei Rollen entdecken. Déi lescht Ergänzung zu dësem Sall enthält och e Podium. Dësen kann fir verschidden Zwecker benotzt ginn, wéi Kanneropféierungen oder Modeshows.