Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Bewegungsraum


Am Bewegungsraum gëtt et e Kleederschaf mat engem Wasserspender, wou d'Kanner hir Waasserfläschen beim Training nofëllen kënnen. Et sinn och 2 Schränk an der Hal fir Material wéi Bäll, Fallschierm, asw. ze raumen. Dëse Raum gëtt fir d'Bewegung benotzt. D'Kanner kënnen hei den Damp auslossen. Beweegungsspiller kënnen hei och stattfannen. Dëse Raum soll d'Motorik vun de Kanner fuerderen. De Raum kann och jee no Bedierfnesser vun de Kanner ausgebaut oder ëmgewandelt ginn. An dësem Sall gëtt dacks Musek gespillt, woubäi d'Kanner danzen kënnen.

 

Soulaang d'Wieder et erlaabt, gëtt eisen Haff genotzt. Hei kënnen och Aktivitéiten stattfannen. Sief et Seelsprangen, Badminton, Rennen oder soss eppes, d'Kanner hunn hei genuch Plaz fir hirer Energie fräien Laaf ze loossen.