Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Infos parents

Kalenner

Zum Kalenner

Neiegkeeten

  • Bei de Fliedermais

    Liesprojet

    Léif Elteren,

    Mir si frou, dëse Mount Januar eise Liesprojet an der Maison Relais kennen ze starten, deen fir Elteren a Kanner (Spillschoul & Précoce) geduecht ass.

    Zil ass et, gemeinsam Liesen ze erliewen an d’Freed un Geschichten ze entdecken.

    Datum: Ab Januar

    Zäit: 16:00 – 18:00 Auer

    Plaz: Maison Relais bei de Fliedermais

    Zilpublikum: Elteren a Kanner (Spillschoul & Précoce)

    Elteren, déi aktiv matmaache wëllen, si wëllkomm eis virdru matzedeelen, wéini se eng Geschicht fir d’Kanner liesen wëllen, esou dass mir de Projet sou gutt wéi méiglech organiséieren kënnen.

    Mat frëndleche Gréiss,

    D’Equipe Précoce & Spillschoul – Maison Relais bei de Fliedermais


  • Bei de Fliedermais Brouch

    Aktiviteitenplang Chrëschtvakanz


  • Bei de Fliedermais

    Liesstonn an der Maison Relais bei de Fliedermais

    Léif Elteren,

    Mir wëlle geschwënn e Lieseprojet an Maison Relais starten a wiere ganz frou, wann Dir eis dobäi hëllefe kënnt!

    D’Kanner sollen duerch virgeliesene Geschichten a gemeinsam Erzielungen d’Freed un Bicher entdecken – och wann si nach net selwer liese kënnen.

    Wann Dir Loscht hutt, eng kleng Geschicht virzeliesen, géife mir eis ganz vill freeën. All Hëllef mécht eise Lieseprojet nach méi spannend a faarweg!

    Villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung – mir freeën eis op vill kleng Aventuren tëscht de Säiten!

    Léif Gréiss,

    Equipe Maison Relais bei de Fliedermais Précoce & Spillschoul


  • Bei de Fliedermais

    Porte Ouverte

    Léif Elteren,

    Dir sidd häerzlech invitéiert op eis Porte Ouverte dësen Donneschden, den 11.09.


  • Bei de Fliedermais Brouch

    Kolonie Ënsber 2025


Eischt Viregt Nächst Lescht