Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Infos parents

Kalenner

16.04: Lasep Fechten
21.04: Lasep Lü Wand
05.05: Lasep Piscine
07.05: Lasep Zirkus
21.05: Lasep Taekwondo
Zum Kalenner

Neiegkeeten

  • Bei de Fliedermais

    Chrechtvakanz Précoce Maison Relais

    Léif Elteren,

    hei e klenge Réckbléck op eis Woch an der Maison Relais.

    Dës Woch hu mir vill flott Aktivitéite mat de Kanner gemaach. Mir waren op en Ausfluch op den neie Spillplaz um Escher Galgenbierg an hunn och vill Spaass um Airtramp gehat. Zousätzlech hu mir zesumme gebak, gebastelt an vill zesumme gespillt.

    Och wann dës Woch net vill Kanner do waren, hu mir d’Zäit ganz genoss a vill gelacht. D’Atmosphär war ganz gemittlech, an d’Kanner hu sech gutt amuséiert.


  • Bei de Fliedermais

    Précoce Maison Relais

    Léif Elteren,

    dës Woch hu mir eng flott an ofwiesslungsräich Zäit an der Maison Relais verbruecht. Mir hu zesumme verschidde Gesellschaftsspiller gespillt, bei deenen d’Kanner vill Freed haten a spillerech d’Zesummeliewen an d’Reegelen geüübt hunn.

    Bei guddem Wieder ware mir baussen am Haff, wou d’Kanner sech fräi beweege konnten, gespillt a sech ausgetob hunn. Ganz kreativ gouf et bei eiser Bastelaktivitéit, bei där d’Kanner mat vill Begeeschterung gebastelt hunn.

    E besonnesche Moment war eis gemeinsam Tea Time, wou mir an enger roueger Atmosphär zesumme gesiess hunn. Ausserdeem hu mir vill Geschichten erzielt a virgelies, déi d’Fantasie vun de Kanner ureegt hunn.


  • Bei de Fliedermais Brouch

    Aktiviteitenplang Chrëschtvakanz


  • Bei de Fliedermais

    Précoce Maison Relais

    Léif Elteren,

    mir hu mat de Kanner weider un eisem Déiereprojet geschafft. D’Kanner hu Dschungel-Déieren kennegeléiert a passend dozou Masken gebastelt. E grousse Highlight war de sportlechen Ausfluch an der Lasep. Ausserdeem hu d’Kanner vill mateneen gespillt a flott Momenter zesumme verbruecht.

    Mir wënschen Iech vill Spaass beim Fotoe kucken.


  • Bei de Fliedermais

    Liesstonn an der Maison Relais bei de Fliedermais

    Léif Elteren,

    Mir wëlle geschwënn e Lieseprojet an Maison Relais starten a wiere ganz frou, wann Dir eis dobäi hëllefe kënnt!

    D’Kanner sollen duerch virgeliesene Geschichten a gemeinsam Erzielungen d’Freed un Bicher entdecken – och wann si nach net selwer liese kënnen.

    Wann Dir Loscht hutt, eng kleng Geschicht virzeliesen, géife mir eis ganz vill freeën. All Hëllef mécht eise Lieseprojet nach méi spannend a faarweg!

    Villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung – mir freeën eis op vill kleng Aventuren tëscht de Säiten!

    Léif Gréiss,

    Equipe Maison Relais bei de Fliedermais Précoce & Spillschoul


  • Bei de Fliedermais

    Précoce Maison Relais

    Léif Elteren,

    Dës Woch hu mir vill flott Aktivitéiten zesumme mat Äre Kanner erlieft an der Maison Relais!

    Hei sinn d’Fotoe vun der Woch. Schéinen Dag an e ganz schéine Weekend gewënscht!


Eischt Viregt Nächst Lescht