Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Précoce Projet „Komm mat op eis Lëtzebuergesch Rees!“

12.10.2026

Léif Elteren,

Mir starten an der Maison Relais en neie Projet mat den Kanner „Komm mat op eis Lëtzebuergesch Rees!“ fir dësen Trimester.

Duerch spilleresch Aktivitéite léieren d’Kanner d’Lëtzebuerger Sprooch kennen. Mir wäerten zesumme sangen, Geschichten erzielen, Billerkaarten entdecken a kleng Sproochspiller maachen.

Mir léieren zum Beispill:

  • Begréissungen ewéi „Moien“ an „Äddi“
  • Héiflechkeetswierder ewéi „w.e.g.“ a „Merci“
  • Faarwen a Formen
  • Gefiller ewéi „frou“, „traureg“ a „rosen“
  • Einfach Wierder aus dem Alldag, wéi Spillsaachen, Iessen an Déieren

D’Kanner kënnen an hirem eegenen Tempo léieren. D’Zil ass et, hire Wuertschatz ze erweideren, d’Kommunikatioun ze fërderen an d’Freed un der Lëtzebuerger Sprooch ze stäerken.

Mir freeën eis op dës flott gemeinsam Sproochrees mat de Kanner!

Äert Maison-Relais-PrécoceTeam