Kalenner
Zum KalennerActualités
- Highlander
Bio Bauerenhaff@Highly
Mir hun 2 flott Visiten um Bio Bauerenhaff Van Dyck zu Leideleng verbruet. Mir haten zwee super Deeg mat Erklärungen iwert d'Deieren, Nahrungsmëttelproduktioun an Biolandwirtschaft.
Kanner haten vill direkten Kontakt mat den Deieren wei zb. Kanengecher, Henger, Källefcher, Schoof, Ponyen, Schwein, Kaatzen an en Hiertenhond.
Kanner waren begeeschtert an weilten direkt nees zereck dohin goen. - Highlander
Meng Draam Maison Relais@Highländer
Den C4 huet am Ritual "Ziel mier eppes vun dir" iwwert den Kanner hier Wënsch an der Maison Relais geschwat
Vill flott Iddien hunn Kanner dobäi proposéiert. - Highlander
"Camionnette" Wash
Och eis Camionnette muss heiansdo gepflegt gin, des Woch huet den Grupp Dalia ganz begeeschert eis Camionnette vun bannen gestaubsaugt an vill geschruppt an dei nächst Deeg get se dann nees vun baussen op hochglanz bruet vum Grupp Hibiscus
- Highlander
Bësch Camp am Ellergronn@Highländer
Des Woch ass Theema Aerd bei eis um Programm, eisen Haaptprojet vun dëser Woch ass en Bësch Camp an Collaboratioun mam Paul Biel am Ellergronn opzebauen. Dëst ass op enger schéiner an roueger Platz am Bësch wou dono vun jidderengem mam neidegen Respekt kann genotzt gi.
Mir genéissen an vollen zeg dei flott Natur, Rou an Entspanung dei den Bësch eis ze bidden huet an dobei entfaalt sech nach besonneg eis Kreativitéit an Gefill vun Fräiheet an Zefriddenheet. - Highlander
Mir planzen Blummen
Fir eisen Restaurant an eis Entrée bëssen ze verschéineren hunn mir haut en puer Blummen geplanzt.
Kanner sinn faszinéiert vun deenen villen schéinen Faarwen, zaarten an zerbriechlechen Bléien.
Den flotten Ubléck un eis nei Planzen berouegt an entspaant zugläich.
Kanner hunn Blummen selwer an hier Deppecher ëmgeplanzt an hunn vill geleiert iwwert Planzewelten:
§ eng Planz ass en Liewewiesen an huet seng eegen Bedürfnisser
§ Eng Planz wiisst, gedéit, bleiht an geet och mol an
§ muss een méi virsiichteg mat enger Planz ëmgoen wei mat enger Spillsaach
Des weideren, ass des Woch och en ganzen Moien dem Thema Klimaschutz/wandel zougewennt gi wou mir zesummen gekuckt wat mir kennen bäidroen fir eis Äerd ze schützen
