All News

Photos de notre AMERICAN AFTERWORK 21.03.2018
23.03.2018Brouch
Mëttwochs den 21.03.2018 war American Afterwork @ Maison Relais HIGHLANDER
—> vun 16:30 bis 18:30 fir eis Elteren
Matt amerikanecher Musikk, Iessen + Gedrënks , alkoholfreien Cocktails, gudder Stëmmung
AN matt
- Hot Dogs (Poulet)
- Pancakes
- Cakes
- Egg Salad
- Muffins
- Popcorn
- Milkshake
- kandëierten Nëss
- Lollypops
Etc
Kuckt irch d‘Fotoen roueg un :)
D‘Equipe vun der Maison Relais Highlander seet Merci an bis d‘nechste Këier :)

Aktioun Propper Esch
22.03.2018Bei de Fliedermais
AKTIOUN « PROPPER ESCH »
Redaktioun vum Radio Galaxie huet sech der Thematik wei Propper ass Esch ugeholl ?
No villen Recherchen an Ëmfroen am Haus eegenen Radio ass Aktioun „Propper Esch“ entstannen.
An Zesummenaarbecht mam Service Hygiène, sinn mir deenen néidegenmat Hännercher an Zaangen souwéi grouss Poubelle’s Tuten ausgestatt ginn.
Opgedeelt an 2 Gruppen, hunn mir eis op den Wee gemaach an wollten kucken weivill Dreck/Knascht fannen mir op den Escher Stroossen a Wisen ronderëm eisen Bruch Secteur.
No 2 Stonnen hunn di 2 Gruppen sech virun der Maison Relais getraff vir e klengen Resumé ze maachen: weivill Tuten Dreck zesummen komm?
A wat ass alles esou fonnt ginn ?
Kanner hunn grouss Ae gemaach vun Pneu’en bis Kaffismaschinnen war alles dobei…
D’Fotoen schwätze vir sech.

Wochenprogramm 19.-23.03.2018
20.03.2018Brouch
Mëinden :
12:00-14:00 „Mir bauen eng Jickenbunn“ mam Cathy
16:00-18:00 „Impro-Theater mam Nadine“
Dënschden :
12:00-14:00 „Ech lauschteren dir no“ mam Lejla
14:00-16:00 „Kach-an Baakatelier mam Ramka
14:00-16:00 „Lasep Cycle 1“ mam Nadine
14:00-16:00 „Lasep Cycle 2+3“ mam Soraya + Jérôme
14:00-16:00 „Ouschtereeermoolen“ mam Christiane
Mëttwoch :
12:00-14:00 „Experimenter“ mam Cathy
16:00-18:00 „Stretching“ mam Soraya
16:30-18:30 „Afterwork“ fir eis Eltren
Donnechden :
12:00-14:00 „Lëtzebuerger Geschichten“ mam Nadine
14:00-16:00 „Medienprojet LIVING AND WORKING IN SPACE“ mam Jérôme
14:00-16:00 „Impro-Theater“ Cycle 1 mam Nadine
14:00-16:00 „Pädagogech Sortie MAM HOND TRËPPLEN GOEN“ mam Christiane
14:00-16:00 „Ouschtereeerfierwen“
Freiden :
12:00-14:00 „Star Start“ Karaoke mam Jérôme
12:00-14:00 „Vitaminn L“ Smoothies mam Lejla
16:00-18:00 „Kulturbauen“ mam Venancio

LASEP Cycle 2+3 du 20.03.2018
20.03.2018Brouch
Zesummen mam Soraya an mam Jérôme waren mir am Kader vun der LASEP Esch-sur-Alzette an d‘Metzerlach Petanque spillen.
Heibei stungen gudd Stëmmung an allerlee verschidden Atelieren zum Thema Petanque um Programm.
Kuckt irch d‘Biller vun den Spëtzensportler un :)

Eisen Wochenplang MOUNT MAERZ vun den klengen Ateliers (Ritualer)
12.03.2018Brouch
Nierwent den groussen Aktivitéiten an eisem Sport vun der LASEP déi Dénschdes an Donnechdes stattfannen, bidden mir den Kanner nach kleng Ateliers als Aart Ritualer un. Des kleng Atelier'en sin jeweils an der Mëttestonn oder am Nomëtten. Des bidden mir un fir och den Kanner déi Dënschdes an Donnechdes, zwëschen 14:00 an 16:00 net an eiser Maison Relais sin, eppes erméiglechen ze kënnen. Genee wéi dei grouss Aktivitéiten sin d'Ritualer opp freiwëlleger Basis an d'Kannt kann selwer decidéiren opp et Deel huelen wëll oder net.

Kulturbauen um Freiden Nonëtten mam Venanzio
09.03.2018Brouch
All Freiden Nomëtten heecht et am Atelier „Chantier“ een neit kulturellt Konschtwierk z‘entdecken an dest nozebauen.

Butzendag (LASEP) an der Coque den 08.02.2018
08.03.2018Brouch
Sport an Spaass um Butzendag vun der Lasep.
Dest an der Sportshaal vun der Staater Coque, zesummen mam Christiane an mam Jérôme.
08.02.2018

„Ich und mein Holz“ mam Cathy
08.03.2018Brouch
Den Donnechden, 08.03.2018 konnten sech d‘Kanner opp freiwëlleger Basis fir den Holzatelier „Ich und mein Holz“ mam Cathy anschreiwen. Hei konnt krefftech gehummert, geschlaff, angeschloen, an geritzt gin.

Mir bastlen zesummen eng Jickenbunn (Update 09.03.2018)
05.03.2018Brouch
All Méinden an den Mëttesstonnen, bauen an bastlen mir zesummen mam Cathy un eiser Jickenbunn bis des ferdech ass.
—> Am Bastelsall, dem Konschtatelier
D‘Fotoen vun all Woch kommen hei opp deser Plaatz no.

expérimentations, chaque mercredi midi
05.03.2018Brouch
All Mëttwoch an der Mëttesstonn gëtt et mysteriös an spannend matt engem neien Experiment.
Hei heecht et entdecken, ausprobéiren, mattmaachen, staunen an laachen.
Den Numm as Programm ! All Mëttwochs daerf an der Mëttesstonn experimentéiert gin !
D‘Fotoen kommen all Woch opp deser Plaatz hei no.
